Toyota huet bei der 89. Editioun vun der 24-Stonne-Course vu Le Mans säi véierten Erfolleg noenee gefeiert.

Reportage 24h Le Mans Dylan Pereira 23.08.21

Bei der éischter Editioun vum Laangstreckeklassiker mat den neien Hypercars huet den Toyota mat der Nummer 7 (Mike Conway/Kamui Kobayashi/Jose Maria Lopez) no 371 Ronne mat zwou Ronne Virsprong virum Toyota mat der Nummer 8 (Sebastién Buemi/Kazuki Nakajima/Brendon Hartley) gewonnen. Op de Podium ass nach den Alpin mat der Nummer 36 (André Negrao/Nicolas Lapierre/Matthieu Maxivière) gefuer.

Mam Dylan Pereira war dëst Joer no laanger Zäit nees eng Kéier ee Lëtzebuerger bei de 24 Stonne vu Le Mans mat dobäi. De Lëtzebuerger huet sech zesumme mam US-Amerikaner Ben Keating a mam Brasilianer Felipe Fraga een Aston Martin gedeelt. Zil war déi éischt Plaz an der LM-GTE-AM-Wäertung, ma dorausser ass näischt ginn. Um Enn ass een op déi 2. Plaz gefuer. An am General ass déi 26. Plaz erausgesprongen.

Fir den Dylan Pereira war et den éischten Asaz bei de 24 Stonne vu Le Mans. Domadder ass fir hien een Dram an Erfëllung gaangen. Hir war och réischt den 3 Lëtzebuerger iwwerhaapt, deen un dëser prestigiéiser Cours deelgeholl huet.

"Wann's de d'"Pace" guer net häss, da sees de: Ok et geet net. Mee wann onglécklech Saache geschéien an een dofir d'Course net gewënns, dat ass einfach schued. Mee ee Podium hei zu Le Mans ass och schonns grouss an ech hoffen, datt ech doduercher méi Plazen am Motorsport kréien an och méi Fans bei eis am Land", sou den Dylan Pereira.

1970 gouf den Néckel Koob de 7. am General an hien hat seng Klass gewonnen. 1978 war de Romain Feitler mat dobäi. Hien hat et deemools awer net op d’Arrivée gepackt.

De Dylan Pereira huet wärend de 24 Stonne komplett iwwerzeegt. Hien ass a senger Klass, wou 23 Auto gemellt waren, déi absolut beschte Ronnenzäit gefuer. An awer war hätt hie sech nach bësse méi gewënscht.

Extrait Dylan Pereira