2 Lëtzebuerger Piloten an den Top 10 vun der Course zu Prerov (CZE)

© racpic
An der Autocross Europameeschterschaft war et e gelongene Weekend fir d'Lëtzebuerger Piloten. Am beschten aus der Affär gezunn huet sech de Kevin Peters.
Hie gouf um Enn den exzellenten 2ten am Generalklassement vun der 4. Manche vun der Autocross-EM.
Déi 7. Plaz geet un de Kenny Reding.
Gewonne gouf d'Course vum Jakub Novotny, dee sech an der Finall konnt no der 1. Ronn géint de Kevin Peters déi 1. Plaz erkämpfen. Wéinst engem Accident gouf d'Final no 5 Ronnen ofgebrach an et ass bei deene Positioune bliwwen, woumat de Kevin Peters keng nei Attack op den Novotny konnt versichen. Plaz 3 goung un den Däitsche Markus Wibbeler.
PDF: Schlussresultat vun der Manche zu Prerov
An der EM huet de Jakup Novotny elo d'Féierung iwwerholl, dat mat 107 Punkten. Just 1 Punkt hannendru kënnt de Kevin Peters op Plaz 2. Den Timo Pähler steet mat 96 Punkten op Plaz 3.
Op Plaz 7 fanne mer de Max Schanen mat 46 Punkten, virum Kenny Reding op der 9. Plaz mat 44 Punkten. De Bob Schanen steet op Plaz 12 mat 32 Punkten. Op der 32 ass et den Nico Reding mat 5 Punkten.
PDF: Provisorescht Klassement vun der Autocross-EM
Déi 5. Manche gëtt zu Nova Paka (CZE) gefuer, dëst de Weekend vum 4. a 5. September.