Net nëmmen an der Formel 1, och am Porsche Supercup ass d’Summerpaus eriwwer.

No engem schwierege Start an d’Saison geet den Dylan Pereira motivéiert an déi lescht Courssen. Op d’Porsche-Supercup-Pilote waart e ganz chargéierte Programm. Spa, Zandvoort an zweemol Monza. Véier Coursse bannent zwou Wochen. A vun enger erhuelsamer Summerpaus kann ee beim Dylan Pereira och net wierklech schwätzen. Leschte Weekend ass hien op engem Aston Martin d'24-Stonne vu Le Mans gefuer: 26. am General an déi zweete Plaz a senger Klass vun de GTE-Amateuren.

Trotz Enttäuschung iwwert eng verpasste Klassevictoire kuckt de Pereira mëttlerweil positiv op säi LeMans-Exploit zeréck: "Jiddwereen am Porsche-Paddock huet dat gesinn, an et ass och dat, wat mech spéiderhi wäert weiderbréngen. Ech muss einfach d’Motivatioun vu Le Mans mathuele fir d’nächst Joer a fir elo hei nach gutt Resultater ze bréngen."

D'lescht Joer huet den Dylan Pereira am Porsche Supercup nach ëm de Championstitel gekämpft. An den éischte 4 Courssen dëst Joer huet hie bis elo nëmmen eng Pole an ee Podium opweises. Déi 8. Plaz an der Tabell, dat gëtt sengen eegenen Ambitiounen net gerecht.

Mä wourunner läit et? Een ze volle Programm, den neien Auto, oder awer de Verloscht vum Teamchef Walter Lechner? Den Dylan Pereira huet keng eendeiteg Äntwert: "Ech weess et net. Wann ech et wéisst, géif ech et vläicht änneren. Grondsätzlech feelt einfach e bëssen d’Gléck. Vläicht huet de Walter, dee feelt, einfach dat néidegt Gléck matbruecht? Ech weess et net. Eigentlech si mir gutt virbereet. Vläicht hätte mir virun der Saison méi konnten testen, mä ech hat keng Zäit wéinst mengen anere Programmer. Trotzdeem hu mir eigentlech e gudde Rhythmus an de Fräien Traininge si mir ëmmer ënnert deene Séiersten, mä duerno kréie mir einfach net alles beieneen."

Zu Spa wëllt den Dylan Pereira d'Rudder erëmrappen. Et ass seng Heemstreck, hien ass dacks hei ënnerwee, stoung 2019 an den Ardennen eng éischte Kéier ganz uewen um Supercup-Podium. Hie freet sech op Spa: "Ech sinn zimmlech séier hei an ech weess plus minus alles vun der Streck. Dëse Weekend gesäit et no Reen aus an dat wär en neien Challenge. Mir sinn net nach esou dacks am Reen hei gefuer."

De Fräien Training gouf emol am Dréchene gefuer an den Dylan Pereira ass effektiv gutt a Form. Hie fiert hannert dem däitsche Pilot Christopher Zoechling mat engem Retard vun 0.13 Sekonnen déi zweetséiersten Zäit.

De Qualifying gëtt e Samschdeg um 13h50 gefuer an (ouni Commentaire) op eisen digitale Plattforme gestreamt.

D'Course e Sonndeg weise mir vun 12h00 un op RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL PLAY.