Den Dylan Pereira muss sech am Qualifying zu Spa-Francorchamps just dem Hollänner Larry Ten Voorde geschloe ginn. Op déi 3. Plaz fiert de Florian Latorre.

2019 konnt de Lëtzebuerger Pilot d'Course an der Belsch gewannen, deem entspriechend motivéiert war de Lëtzebuerger virum Optakt vum Qualifying. Bei schwéiere Wieder Konditiounen huet de Dylan Perreira eng gutt Leeschtung gewisen a fiert um Enn op déi gutt 2. Plaz. Fir ganz vir sollt et awer net duer goen, den Hollänner Larry Ten Voorde war beim ville Reen dee mat Ofstand dee séiersten op de Stroossen vu Spa. Säi Virsprong op de Lëtzebuerger louch bei iwwer enger hallwer Sekonn.

Den Départ vun der Course um Circuit vu Spa-Francorchamps ass e Sonndeg um 12.05 Auer a gëtt live op RTL ZWEE an am Stream op RTL.lu mam Commentaire vum Serge Pauly an Andrea Galleti iwwerdroen.