Beim Depart konnt sech den Dylan Pereira laanscht de Larry ten Voorde un d'Spëtzt setzen a gewënnt um Enn viru sengem Teamkolleg Ayhancan Güven.

Bei naasse Wiederkonditiounen ass et um Circuit vu Spa-Francorchamps un den Depart gaangen a bei dësem ass den Dylan Pereira gutt fortkomm a konnt de Larry ten Voorde iwwerhuelen nodeems sech den Hollänner no enger klenger Beréierung mam Lëtzebuerger gedréint huet. Opgrond vun dëser Dréiung ass de Larry ten Voorde bis op déi 14. Plaz zeréck gefall.

Dylan Pereira iwwer seng Victoire/Reportage Franky Hippert

Zesumme mat sengem Teamkolleg Ayhancan Güven konnt sech den Dylan Pereira vum Rescht vun de Fuerer kloer ofsetzen. Den Tierk huet zwar Drock op de Lëtzebuerger gemaach mee de Pereira huet seng Féierung verdeedegt a gewënnt déi éischt Course vun dëser Saison virum Ayhancan Güven an dem Laurin Heinrich.