Zu Silverstone huet de Fabio Quartararo op Yamaha eng dominant Virstellung gewisen a gewënnt däitlech virum Alex Rins an dem Aleix Espargaro.

Mat enger dominanter Virstellung konnt sech de Fabio Quartararo (Yamaha) zu Silverstone duerchsetzen. Op d'Plaz 2 kënnt den Alex Rins (Suzuki) virum Aleix Espargaro (Aprilia).

Scho fréie an der Course ass de Marc Marquez (Honda) no enger Beréierung mam Jorge Martin gefall an hat soumat mam Ausgang vun der Course näischt méi ze dinn. No den éischte puer Ronnen konnt sech de Fabio Quartararo (Yamaha) un d'Spëtzt setzen an huet seng Féierung komfortabel ausbauen.

Op de Plazen hannert dem Fransous hu sech d'Fuerer ëm d'Plazen 2 an 3 gestridden mee dem Quartararo konnt keen d'Waasser reechen. An der leschter Ronn huet sech den Aleix Espargaro nach missen géint den Jack Miller verdeedegen mee konnt en Iwwerhuelmanöver konteren a séchert domadder den éischte Podium iwwerhaapt fir Aprilia. Zweeten gëtt den Alex Rins.

Am General baut de Fabio Quartararo seng Féierung weider aus. De Joan Mir ass elo neien zweeten virum Francesco Bagnaia.

An der Moto3 gouf et eng italienesch Dräifach-Victoire. Gewannen konnt den Romano Fenati (Husqvarna) virum Niccolo Antonelli (KTM) an dem Dennis Foggia (Honda).