De fréieren Teamchef a Grënner vu Williams Racing ass am Alter vun 79 Joer gestuerwen.

E Sonndeg de Mëtteg huet d'Ekipp vu Williams Racing an engem Communiqué matgedeelt, dass de Sir Frank Williams friddlech an am Krees vu senger Famill gestuerwen ass. Dat nodeems hien e Freideg an d'Spidol ageliwwert gi war.

An der Formel 1 huet de Britt am Ganze 16 Weltmeeschtertitel gefeiert, dovun néng bei de Konstrukteuren a siwe bei de Piloten. Domat zielt seng fréier Ecurie zu den erfollegräichsten an der Kinneksklass vum Automobilsport. Zanter 1960 war de Sir Frank Williams am Grand-Prix-Sport aktiv a war nach bis am September zejoert Besëtzer vu Williams Racing, déi am Ganzen 114 Coursen an der Formel 1 gewonnen huet.