De Kandidat aus de Vereenegten Arabeschen Emirater krut 61,62 Prozent vun alle Stëmmen. De Brit Graham Stoker krut der grad emol 36,62%.

De Sulayem gëtt domadder Successeur vum Fransous Jean Todt, deen de Posten un der Spëtzt vun der internationaler Automotorsportfederatioun zanter 2009 besat hat.

De 60 Joer ale Sulayem ass zanter 2005 President vun der Motorsportfederatioun aus der Vereenegten Arabeschen Emirater a war Vize-President vun der FIA am Mëttleren Osten. Hien ass och déi éischt Persoun un der Spëtzt vun der FIA, déi net aus Europa kënnt.