Top 10 fir de Gil Linster beim KartWeek zu Daytona

© Jeannot Boesen
Den 29. an den 30. Dezember huet de Lëtzebuerger Gil Linster u sengem éischte Karting Event zu Daytona am US-Bundesstaat Florida deelgeholl.
Am Kader vum Daytona KartWeek goufen iwwer eng Dose Coursse mat insgesamt 120 Konkurrenten am Infield vum Nascar-Oval gefuer.
Bei senger éischter Course an der Kategorie Senior ass de Mann vu Fréiseng als Gaaschtfuerer beim Team Caceres TB Racing vum Ruben Caceres un de Start gaangen. Vu datt de Gil Linster net an dëser Meeschterschaft deelhëlt, huet hie musse vun der leschter Plaz un de Start goen, wat bei 41 Konkurrente schonn eng kleng Hürd ass, mee de Lëtzebuerger huet direkt vum Start aus Drock op seng Géigner ausgeüübt, sou datt hie ganz séier am Pulk vun deene Séierste mat dobäi war. No 11 Ronnen huet de Lëtzebuerger et bis op déi 10. Plaz am Klassement gepackt.
Fir waarm ze bleiwen huet de Gil Linster en Dënschdeg d’Course an der Kategorie „Heavy Class“ deelgeholl. Mat engem Zousazgewiicht op sengem Kart huet de Lëtzebuerger et fäerdeg bruecht, vu Plaz 28 op Plaz 6 ze fueren. An der zweeter Seniorcourse am Nomëtten huet hien dunn nees eng Kéier vun der 41. Startplaz praktesch dat ganz Feld iwwerholl an ass gudde 6. ginn.

© Jeannot Boesen