Den Al-Attiyah feiert de 4. Titel bei der Rallye Dakar. Et ass säin zweeten Titel op Toyota. Zweete gëtt de Sébastien Loeb op BRX.

De Britt Sam Sunderland gewënnt op senger GasGas de Rallye Dakar 2022 bei de Motorrieder. Hie bréngt 3min27 Virsprong mat iwwert d'Zil, dat virum Pablo Quintanilla op Honda, a 6min47 op de Matthias Walkner op KTM.

Den Nasser Al-Attiyah kann no 2011, 2015 an 2019 säi 4. Titel bei dëser prestigiéiser Rallye feieren. Domat huet hie genee esou vill Victoire wéi den Ari Vatanen. Dem Al-Attiyah huet um Enn bal 28 Minutte Virsprong op de Sébastien Loeb. Drëtte gëtt den Al Rajhi (Toyota), dat mat iwwert 1 Stonn Réckstand.