Bei der 24-Stonne-Course vun Dubai kënnt d'Lëtzebuerger Team DUWO Racing by Herberth Motorsport op déi exzellent 12. Plaz am General.

An hirer Klass GT3-Pro/Am ass et déi 3. Plaz um Porsche 911 GT3 R.

Nieft dem Dylan Pereira souzen nach 3 Russen mat um Auto, dat mam Andrey Mukovoz, dem Stanislav Sidoruk an dem
Sergey Peregudov.

D'Schlussvictoire geet un den Auto mat der Startnummer 7 mat de Piloten Christopher Mies, Mohammed Saud Fahar Al Saud, Axcil Jefferies, Dries Vanthoor an Thomas Neubauer. Si sinn op engem Audi R8 LMS GT3 ugetrueden.

Plaz 2 geet och un en Audi vum Team WRT, dat mat de Pilote Fréderic Verwisch, Jean-Baptiste Simmenauer, Maxime Robin, Arnold Robin a Benjamin Goethe.

Op der 3. Plaz da kënnt e Mercedes AMG GT3 mat der Startnummer 75. Op deem Auto gefuer sinn de Maro Engel, de Jules Gounon, de Mikaël Grenier an de Kenny Habul.

81 Teams ware fir dës 1. Course vun den "24hseries" gemellt, 2 vun hinne waren net un den Depart gaange vun der Course.

Als 79. an domat Lescht gouf de Cupra TCR DSG vum Team Zengõ Motorsport mat der Startnummer 133 gewäert. Si koume just op 69 Ronne bannent de 24 Stonnen, iwwerdeems d'Gewënnerekipp 596 Ronne gefuer ass.