Bei der franséisch-brittescher Formel-1-Ecurie Alpine ginn et am Moment e puer grouss Departen.

Nom Marcin Budkowski, engem vun den Haaptresponsabele vun der Ecurie d'lescht Woch, ass et elo den Alain Prost, deen als ee vun den net-exekutiven Direktere säi Kontrakt bei der Ecurie net verlängert krut.

De 66 Joer ale 4-fache Formel-1-Weltmeeschter hat ëmmer e Kontrakt vu Joer zu Joer. De Laurent Rossi, CEO vun Alpine, huet elo och emol den Interim an der Ecurie vum Budkowski iwwerholl. An der Formel-1-Welt geet een dovun aus, datt den Amerikaner Otmar Szafnauer, dee sech virun 2 Wochen eréischt mat Aston Martin getrennt huet, neie staarke Mann bei Alpine kéint ginn.

Neien Teamchef vun Aston Martin, ass jo zanter e Freideg gewosst, gëtt de Lëtzebuerger Mike Krack