De Laurent Rausch huet sech e Liewensdram erfëllt
Déi eng léieren et, déi aner hunn et am Blutt. Rieds geet vu Motorsport. An deem Beräich seet iech den Numm Laurent Rausch villäicht eppes.
E jonken Nowuesspilot, deem säin Häerz net nëmme fir dee Sport schléit, mee dee sech awer och e klenge Liewensdram kierzlech erfëllt huet mat enger Ausstellung.
Wie passionéiert vum Motorsport ass, weess dass een hei vill Zäit investéiere muss, ofgesinn dovunner, muss een awer och eens gi beim Fueren, ob dat elo Rallye, Biergcourse oder soss eng Disziplin ass.
Nom Doud vu sengem Papp, deen och Coursse gefuer ass, huet hie sech, nodeems e mat der Schoul fäerdeg war an eng Aarbecht fonnt hat, och fir dësen Hobby entscheet. Dem Laurent säin Choix war net falsch, e puer Joer méi spéit kann en éischter houfreg zeréckblécken, ob dat wat e schonn an där kuerzer Zäit elo geleescht huet. Ëmmer nees konnt e vir an de Coursse matfueren.
Esou huet de Laurent viru kuerzem säin Dram realiséiert an huet eng Ausstellung organiséiert. Eng wou all Lëtzebuerger Pilot säi Gefier ausstelle kann an dëst am ganze Beräich vum Motorsport. Eng vun den Haaptbeschäftegungen an dësem Sport ass, dass een déi meeschten Zäit ënnert sengem Auto verbréngt, et ass e stännege Kampf mat der Leeschtung vum Motor, respektiv gëtt dëse méi bei esou Coursse gefuerdert ewéi op der Strooss am normale Verkéier, an da kënnen alt Problemer optauchenma Motor.
Ofgesi vun den technesche Problemer ass et och net ëmmer einfach dëse Sport ze finanzéieren, esou ass de Laurent Rausch eréischt Stock-Car oder Coursse gefuer, wéi en en Akommes hat, haut sinn d'Piloten awer all op dat nämmlecht ugewisen an zwar op de Sponsoring, an dat ka säi Kolleeg Steve Büchler, dee Biergcoursse fiert an deen en ëmmer zur Säit steet, confirméieren.
An esou gëtt och doheem stänneg gebastelt, andauernd probéiert de Laurent méi aus sengem BMW erauszeschloen, a wann et och nëmmen ass, fir e puer Honnertstel Sekonne méi séier ze sinn ewéi déi aner. Dofir huet de Laurent dann och en Ersatzdeellager hannen am Gaart.
Zanter leschtem Joer huet de Laurent elo och en neien Auto, deen huet elo nach méi Leeschtung ewéi deen alen. Ëmmerhin hat hien et 2021 an der Biergcourse op déi 3. Plaz am Espoir-Championnat gepackt a viru Covid am Stockcar op déi 4. Plaz.
En deieren an en Zäit opwännege Sport, wou mer an nächster Zukunft sécher nach méi wéi eng Kéier eppes vum Laurent Rausch ze héiere kréien.