Dylan Pereira leet de Fokus nees komplett op de Porsche Supercup
De Weekend vum 22. Abrëll fänkt d'Saison am Porsche Supercup un. Och dëst Joer ass den Dylan Pereira nees mat dobäi.
Dat huet den Automobilsportler vum Joer e Mëttwoch offiziell matgedeelt. D'Saison 2021 war déi, wou den Dylan Pereria op e puer Hochzäite gedanzt huet. Ënnert anerem ass hie 24 Stonne vu Le Mans gefuer, wou hien a senger Klass den 2. gouf. Hien ass awer och an der ADAC Masters gestart an natierlech och am Porsche Supercup. An där Rennserie ass et awer net esou gelaf, wéi hie sech dat virgestallt hat. Zu Spa-Francorchamps ass hien zwar als Gewënner iwwer de wäisse Stréch gefuer, um Enn vun der Saison koum hien awer just op déi 7. Plaz. D'Saison 2021 war chargéiert, um Enn ass awer net dat dobäi erauskomm, wat den Dylan Pereria sech selwer erhofft hat.
"Dat leschte Joer war mäin Zil, fir mech a ville Meeschterschaften ze beweisen a mir do Dieren opzemaachen. Dat ass mir zum Deel gelongen. Ech hu gutt Resultater bruecht, mee leider ouni grouss Opportunitéit fir dëst Joer. Ech krut et net hin, fir do ee Kontrakt ze ënnerschreiwen. Leider ass och de Supercup net esou ausgaange wéi ech wollt. Obwuel et mäin Haaptzil war. Och dat leschte Joer. Ech muss einfach kucken, fir méi oft unzekommen an da klappt dat schonns. 2020 hunn ech bewisen, datt ech ëm den Titel ka kämpfen. Dëst Joer ass nees de ganze Fokus do drop. Dat hëlleft, fir manner Feeler ze maachen a ganz uewe mat dobäi ze sinn."
Dëst Joer ass de Fokus elo nees komplett um Porsche Supercup. Et wëll ee beim Lechner Team optimal virbereet si fir déi éischte Course zu Imola an Italien. Ënnert anerem sti vill Testdeeg bis dohinner um Programm.
"Mir si mat Lechner richteg gutt virbereet. Aus 20 Autoe kann ech mir deen eraussichen, deen am beschte bei mech passt. Am zweeten Team Carrera Cup hunn ech och eng Kollaboratioun mat Lechner. An do kann ech dann och vun deem Virdeel mam Auto auswiele profitéieren."
Am Porsche Supercup ginn am Ganzen 8 Coursse gefuer. Do dernieft start den Dylan Pereira awer och nach am Porsche Carrera Cup Däitschland. Alleguerten d'Coursse vum Porsche Supercup ginn och dëst Joer nees bei de Kolleege vun der Tëlee gewise wéi och déi integral Formel-1-Saison.