Och Williams huet bei senger Presentatioun de richtegen Auto fir 2023 net gewisen. Virgestallt goufen nëmmen déi nei Lackéierung an den neien US-Pilot.

Als drëtten Ecurie huet Williams Racing déi nei Saison agelaut. Wéi schonn d'lescht Woch bei Haas a Red Bull gouf de richtegen Auto fir 2023 awer nach net gewisen. Williams huet nëmme verroden, wéi hiren Auto dëst Joer lackéiert wäert sinn. An de Look 2023 ass deem vum leschte Joer zimmlech änlech. Nëmmen e puer Sponsor-Autocollante goufen ersat, respektiv sinn nei. Den neie Williams wäert also net an de legendären hellblo-orange Faarwe vum neie Pëtrolspartner ënnerwee sinn.

Den FW45 wäert sech eréischt den 13. Februar beim Shakedown dem Publikum weisen. An enger Pressematdeelung schreift Williams, dass den neien Auto eng "Weiderentwécklung vum FW44" wär. D'lescht Joer koum Williams mat 8 Punkten net iwwert déi leschte Plaz an der Constructeurs-WM eraus.

Den thailännesch-brittesche Pilot Alexander Albon kritt dës Saison en neien Teamkolleeg. De Kanadier Nicolas Latifi gouf nämlech duerch den US-Amerikaner Logan Sargeant ersat. Et ass den éischten US-Pilot an der Formel 1 zënter dem Alexander Rossi, deen 2015 fir Marussia vereenzelt Coursse gefuer ass. De Logan Sargeant souz d'lescht Joer schonn an diverse fräien Trainingen an engem F1-Auto, mä am Bahrain wäert den 22 Joer alen Amerikaner säin offizielle Grand-Prix-Debut feieren.

Den neie Williams-Teamchef James Vowles ass bei der Presentatioun iwwregens nach net opgetrueden. De fréiere Strategie-Chef vu Mercedes wäert eréischt Enn vum Mount offiziell bei sengem neie Patron ufänken.