Am Moment lafen d'Tester am Bahrain, d'nächst Woch ass dann op deem nämmlechte Circuit den Optakt vun der neier Saison.

Virun 12 Méint gouf et jo eng grouss Reform, wat dat technescht Reglement ugeet, dës Kéier sinn et virun allem Adaptatiounen.

Mir erënneren eis, virun 12 Méint sinn déi meescht Formel 1-Autoen bei den éischten Courssen nawell ferm gehoppelt, de sougenannten Bouncing oder Porposing. Do huet een elo drop reagéiert, den RTL Formel 1-Commentateur Tom Hoffmann:

Wat d'Reegelen uginn, ass den Ënnerbueden ugehuewe ginn, ëm genee 15 Millimeter, fir dat Hopsen vum Auto ze ënnerbannen. Dat huet een elo bei den Tester scho manner gesinn. Mä et muss een awer och hei präziséieren, datt d'Autoen jo weiderentwéckelt gi sinn, an doduerch dat Phänomen manner optrëtt.

Nom heftegen Accident vum Chines Zhou Guanyu zejoert mat sengem Alfa Romeo zu Silverstone gouf decidéiert den Iwwerrollbiggel ze verstäerken. Et gëtt awer och nach e weidere Punkt, dee fir méi Sécherheet soll suergen:

D'Spigele vum Auto goufe méi grouss gemaach, fir eng méi grouss Visibilitéit ze garantéieren. Dat war natierlech en Challenge fir d'Aerodynamiker fir dat an d'Konzept vun der Aerodynamik an dat neit Konzept afléissen ze loossen.

Da probéiert een awer och dës Saison an der Qualifikatioun eppes neits:

Do ginn bei 2 Grand Prixen en neit Format getest, do gëtt am Q1 déi haart Mëschung am Q2 d'Medium-Mëschung an am Q3 dann d'Softmëschung gefuer.

19 Pilote maachen an enger Woch nees Juegd op de Weltmeeschter Max Verstappen an op seng Ecurie Red Bull. Eng Equipe, déi mëttelfristeg och ëm d'WM-Kroun matfuere wëll, ass Aston Martin mam Teamchef Mike Krack. De Lëtzebuerger huet lo bei den Tester am Bahrain gesot, datt d'Zil dës Saison ass, fir sou no wéi méiglech un déi Top 3, an zwar Red Bull, Ferrari an Mercedes erunzekommen. No der Qualifikatioun fir de Grousse Präis vu Bahrain e Samschdeg-8-Deeg weess een dann scho e bësse méi, wien wou steet.

Formel 1: Wat hunn d'Tester virun der Saison fir e Stellewäert?

D'Formel 1-Saison fänkt esou lues un, un d'Rullen ze kommen. Genee an enger Woch sinn déi zwee éischt fräi Trainingen fir de Grousse Präis vu Bahrain. Am Virfeld vun dësem éischte Grand Prix vun der Saison sinn zanter en Donneschdeg an nach bis e Samschdeg d'Tester um nämmlechten Circuit. Ma et ass awer immens schwiereg eppes aus deenen Seancen erauszeliesen, seet den RTL Formel 1 Commentateur Tom Hoffmann:

Well een net wierklech weess, mat wéi enge Programmen d'Ecurien ënnerwee sinn, an och d'Zäiten, déi op der Tafel stinn, hunn absolut keng Valeur, well d'Track Limits net mussen agehale ginn, bei deenen Tester, dat heescht do kann deen een oder anere Pilot emol Zäit gewannen. Hei geet et eleng emol dorëms, fir d'Viabilitéit ze testen, ob d'Stecker, déi um Auto sinn funktionéieren a virun allem fir Donnéeën ze sammelen.

Um Donneschdeg um éischten Dag war de Weltmeeschter Max Verstappen op Red Bull scho mol nees dee Séiersten, 29 Dausendstel virum Fernando Alonso op Aston Martin. Mä wéi gesot, ze vill däerf een an déi Zäiten net eran interpretéieren.

An och dës Saison kënnt dir d'Formel 1 nees Live op RTL Lëtzebuerg suivéieren. D'Fräi Trainingen sinn um Internet op RTL.lu an op RTL PLAY d'Qualifikatioun an d'Grand Prixen kënnt dir dann och op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee suivéieren.