
© AFP
Dräi Deeg laang hunn Teams a Pilote sech am Bahrain op déi nei Saison preparéiert. Fir Red Bull gesäit et top aus, Suerge ginn et bei Mercedes a McLaren.
Och wann et bei dëser Preparatioun näischt ze gewanne gëtt: Red Bull a Verstappen fueren esou weider, wéi se d'lescht Saison opgehalen hunn. Si hunn dës Tester reegelrecht dominéiert. Den RB19 war aus dem Stand eraus extrem séier, an ass doriwwer eraus och nach zimmlech zouverlässeg. Experte sinn sech eens: Red Bull ass erëm Favorit.
Ferrari gesinn dës Experten nach ëmmer als Nummer 2. Bei den absolutte Chronoen huet de Charles Leclerc zwar eng hallef Sekonn op de Perez verluer, mä alles an allem wär d'Scuderia zäiteméisseg op een Tour relativ no drun u Red Bull.
Mercedes wëll dës Saison erëm reegelméisseg ëm Victoire kämpfen, mä um Zäitentableau sinn déi Schwaarz nach ëmmer nëmmen Nummer 3. An et gi Problemer mat der Zouverlässegkeet.
Déi positiv Iwwerraschung vun dësen Tester ass Aston Martin. Den AMR23 schéngt e richteg gudde Worf ze sinn, an de Fernando Alonso huet sech wuel bei deene Grénge gutt agelieft. De Mike Krack kommentéiert d’Leeschtunge vu sengem neien Toppilot mat engem eenzege Wuert: "Wow!" De Spuenier huet d'Konkurrenz mat konstant séieren Zäite bei enger Course-Simulatioun um leschten Dag impressionéiert. Aston Martin schéngt op engem Niveau mat Mercedes ze sinn, wann net esouguer liicht virdrun.
Dat prominentste Suergekand ass McLaren. Déi zwee Pilote Norris a Piastri hunn sech déi dräi Deeg schwéier gedoen, hiren MCL60 schéint net einfach ze fueren ze sinn. De McLaren stoung dacks an der Box, virun allem ronderëm d'Bremsen an d'Bremsbelëftung gouf vill geschafft.
Soss sinn d'Leeschtungen am Mëttelfeld zimmlech onduerchsiichteg. Haas schéngt definitiv e Schrack no vir gemaach ze hunn a gëtt als fënnefte Kraaft gehandelt. Alpine par contre kritt d'Fortschrëtter um Pabeier iergendwéi net wierklech op de Makadamm. Och d'Performance vun Alfa Romeo, Alpha Tauri a Williams sinn no dësen Tester nëmme schwiereg anzeschätzen.