De Sergio Perez geet um Sonndeg vun der zweeter Positioun an d'Course. An der zweeter Startrei stinn déi zwee Ferrari-Piloten Leclerc a Sainz.

No 14 Woche Paus ass de Formel-1-Zirkus dëse Weekend am Bahrain an déi nei Saison gestart. Et konnt ee gespaant sinn, ob Red Bull mam Weltmeeschter Max Verstappen och am neie Joer den Tempo ugeet oder ob Mercedes a Ferrari eppes dogéint ze setzen hunn.

Am Qualifying fir déi 1. Course am Joer am Bahrain war et dann effektiv nees den aktuelle Weltmeeschter Max Verstappen, dee sech d'Pole Positioun konnt kropen. Et ass déi 21. Pole Positioun a senger Karriär. De Sergio Perez geet e Sonndeg als Zweeten an d'Course. Hannert dem Charles Leclerc an dem Carlos Sainz op Ferrari geet de Fernando Alonso, deen am fräien Training nach dee Séierste war, als 5. an d'Course.

Am Q1 war de Ferrari Pilot Carlos Sainz dee Séierste virum George Russell a Charles Leclerc. De Logan Sargeant (Williams), Pierre Gasly (Alpine), Kevin Magnussen (Haas), Oscar Piastri (McLaren), Nyck de Vries (AlphaTauri) hunn et net an de Q2 gepakt. Bemierkenswäert war dass am Q1 ganzer 17 Pilote bannent enger Sekonn sech klasséiert hunn.

Och am Q2 war Ferrari am Séiersten, des Kéier mam Charles Leclerc. De Max Verstappen ass virum George Russell op déi zweet Plaz gefuer. Den Nico Hülkenberg huet et bei sengem Comeback fir Haas och an de Q3 gepackt. Net gepackt hunn et de Lando Norris (McLaren), Valtteri Bottas (Alfa Romeo), Guanyu Zhou (Alfa Romeo), Yuki Tsunoda (AlphaTauri) an den Alexander Albon (Williams).

Am Q3 huet Red Bull zeréck geschloen an der Konkurrenz gewisen dass de Wee iwwert de Weltmeeschter-Titel och dëst Joer wuel nees iwwert d'Éisträicher geet.

D'Course kennt dir e Sonndeg ab 15h00 un mat Commentaire vum Serge Pauly a Franky Hippert um RTL ZWEE op RTL.lu an um RTL Play suivéieren. Den Depart vun der Course ass um 16h00.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 GULF AIR BAHRAIN GRAND PRIX 2023

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2023