
© DPPI via AFP
Fir de Ferrari-Pilot Charles Leclerc fänkt den zweete Course-Weekend esou schlecht un, wéi deen alen opgehalen huet...
An der Formel 1 ass dëse Weekend déi zweet Course vun der Saison mam Grousse Präis vu Saudi-Arabien zu Jeddah. Beim éischte Grand Prix viru 14 Deeg am Bahrain stoung mam Spuenier Fernando Alonso en Aston Martin-Pilot nieft deenen zwee Red Bullen um Podium. D'Ecurie mam Lëtzebuerger Teamchef Mike Krack ass sécherlech déi positiv Iwwerraschung vun dësem Optakt.
Fir de Ferrari-Pilot Charles Leclerc fänkt den zweete Coursse-Weekend esou schlecht un, wéi dee virdrun opgehalen huet. De Monegass kritt a Saudi-Arabien 10 Strof-Plazen, well hien elo scho seng drëtt Batterie agesat kritt. D'Fräi Traininge kënnt dir wéi gewinnt nees op hei op rtl.lu, rtlplay an op der App suivéieren. D'Qualifikatioun e Samschdeg den Owend um 6 Auer, an de Grand Prix mam Virprogramm e Sonndeg vun 17h15 un, sinn dann och op Tëlee Lëtzebuerg, dat op RTL Zwee.
De 50 Joer ale Lëtzebuerger ass elo zanter 12 Méint bei Aston Martin. Op den Auto, deen d'lescht Saison am Ufank op der Streck stoung, hat hie relativ wéineg Afloss. Lo ass dat natierlech eng ganz aner Saach. No der éischter Course am Bahrain hunn déi Gréng vun Silverstone, no der 3. Plaz vum Alonso an der 6. Plaz vum Lance Stroll, deen heroesch mat engem operéierten Handgelenk op déi Positioun gefuer ass, schonn 23 Punkten am Klassement vun der Konstrukteursweltmeeschterschaft um Compte stoen. D'lescht Saison huet ee 14 Coursse gebraucht fir esou vill Punkten ze sammelen.
Do kann ee sech virstellen, datt de Mike Krack bestëmmt dee glécklechsten Lëtzebuerger Teamchef an der Kinneksklass vum Automobilsport ass: "Jo esou vill Lëtzebuerger Teamcheffen ginn et net an der Formel 1, dofir ass dat dann ëmmer einfach ze soen. Mir hunn iwwert de Wanter wat mir geléiert hunn vum AMR22, eis relativ aggressiv Ziler gesat. Mir sinn och iwwerrascht, datt mer se esou séier an esou gutt erreecht hunn. Mir hunn un eis gegleeft, datt mer e Schratt no vir maachen."
D'Fro déi sech natierlech eng Rei Leit stellen ass, ob dat Resultat virun zwou Wochen en Bahrain-Circuit Effet war, well do de Pneue- Verschläiss relativ héich ass, an den AMR23 dee Beräich gutt geréiert kritt, oder kann een dat och mat op déi aner Strecken huelen: "Bahrain ass dee rauste Belag vun der Saison, an et sinn net vill Highspeed-Sektiounen dran, Djeddah ass genee de Contraire, d'Surface ass ganz glat an d'Kéieren sinn virun allem Highspeed. Et ass e bëssen esou de Contraire vun deem wat mer am Bahrain gesinn hunn, an Melbourne ass nach eng Kéier esou eppes dertëscht. No den éischten 3 Coursse gesinn mer, wou mer wierklech sinn."
An de leschte Wochen gouf et ee Moment bei deem de Mike Krack gemierkt huet, datt d'Ecurie bei där hien Teamchef ass, vir bei der Musek kann dobäi sinn: "Jo um leschten Dag vum Test wou mer op de Long Runs net getrickst hunn, dat war éierlech, dat war transparent...de Ferrari war gläichzäiteg op der Streck, dat war schonn encourageant, do hunn ech scho geduecht: Uhh mir sinn net esou schlecht, dat kéint eppes ginn."
De Mike Krack huet, genee wéi och déi aner Teamcheffe, scho festgestallt, datt Red Bull am Moment an enger anerer Liga fiert. Bei Aston Martin géif een awer alles ginn, fir ëmmer méi no un Verstappen an Perez erunzekommen, an gläichzäiteg och probéieren, Ferrari an Mercedes hannert sech ze loossen.