Aston Martin ass déi positiv Iwwerraschung vun der neier F1-Saison. Virum Grand-Prix a Saudi-Arabien konnte mir eis mam Teamchef Mike Krack ënnerhalen.

Virun zwou Wochen am Bahrain. D’Freed bei deene Grénge kennt keng Grenzen. Bei sengem éischte Grand-Prix fir Aston Martin fiert de Fernando Alonso op de Podium. De Lance Stroll mécht mat enger 6. Plaz dat gréngt Gléck perfekt. 23 Punkte beim éischte Grand-Prix! D’lescht Joer huet Aston Martin nach 14 Coursse gebraucht, fir dee Score ze erreechen.

Dass Aston Martin iwwert de Wanter eppes fonnt kéint hunn, huet sech scho bei den offiziellen Tester ugedeit. Do hätt een och an der Ekipp ugefaangen, drun ze gleewen, dass de Knuet endlech platze kéint, seet den Teamchef Mike Krack. Beim éischte Grand-Prix huet den AMR23 säi Potential du confirméiert. Mä bei Aston Martin weess een, dass dee Podium am Bahrain och e bëssen eng Saach vu Chance war, esou de Mike Krack.Mir mussen elo net ufänke mat dreemen. Wann de Charles (Leclerc) net ausfält, da si mir schonn net um Podium. Dann ass d’Euphorie schonn eng aner. Ech denken, et soll ee schonn oppassen, fir net ofzehiewen. Well da lant een och zimmlech haart. Wichteg ass d’Confirmatioun, dass mir e Schrëtt no vir maachen."

RTL

© Aston Martin Aramco Cognizant F1 Team

Dee Schrack no vir ass Aston Martin definitiv gelongen. Bei Red Bull schéinen se och ze wëssen, firwat. An der Pressekonferenz nom Bahrain-Grand-Prix stëppelt de Sergio Pérez: "Et ass schéin, dräi Red-Bull-Autoen um Podium ze gesinn."

Den neien Technikchef Dan Fallows, en Ex-Red-Bull-Mann, huet wuel effektiv e groussen Undeel un de Fortschrëtter bei Aston Martin. Den AMR-23 orientéiert sech net nëmmen optesch um Red Bull, béid Autoen iwwerzeegen och mat änleche Qualitéiten. Och Aston Martin kann extrem niddereg fueren, an den Auto trotzdeem relativ haart ofstëmmen, ouni op Buedemwellen aus dem Trëtt ze geroden. Och de schounenden Ëmgang mat de Pneuen ass op d’mannst an der Course e Virdeel. De Mike Krack wëllt awer net ee bestëmmte Beräich identifizéieren, wou säin Team sech am meeschte verbessert huet. "Ech denken, dass eis do e gudde Kompromëss gelongen ass, fir all d’Schwächte vum Virgängerauto erauszehuelen. Et ass awer iergendeen Element, wou mir soen, dass mir do massiv besser sinn. Et sinn einfach eng ganz Rei vun Optimiséierungen, déi gegraff hunn."

RTL

© Aston Martin Aramco Cognizant F1 Team

E weidere Plus ass definitiv de Pilot. De Fernando Alonso blitt bei Aston Martin reegelrecht op. Op der Pist kombinéiert hien d’Erfarung vum ale Fuuss mam Bëss vum jonke Kämpfer. Wéi hien am Bahrain de Lewis Hamilton an de Carlos Sainz niddergerongen huet, dat war ganz grousse Kino. Mä den Teamchef lueft net nëmmen dem Spuenier seng Qualitéiten op der Streck, mä och déi an der Fabrick: "Hien dreift all Mënsch un. E freet iwwerall: ‘Wou kënne mir dat maachen?’ En huet och Iddien. Et ass scho Wansinn, wéi hien eis undreift. Deen Honger, deen hie matbréngt, fir virbäi ze fueren, a fir eis als Team no vir ze bréngen. Ech hunn et schonn e puer mol gesot – mee dat ass wierklech ‘Wow!’. Dat hätt ech esou net erwaart."

RTL

© Aston Martin Aramco Cognizant F1 Team

Nach ass et ze fréi, fir ze wëssen, wou Aston Martin genee steet. Am Bahrain huet den Alonso pro Tour 6/10 op de Verstappen verluer. Red Bull ass an enger eegener Liga. Mä kann Aston Martin sech wierklech dohannert als zweete Kraaft etabléieren?  De Mike Krack seet, et misst een op d’mannst déi dräi éischt Courssen – also bis no Australien – ofwaarden, fir do méi kloer ze gesinn. Dann eréischt kéint een ausschléissen, dass déi gutt Performance nëmmen duerch de Circuit bedéngt ass.