Steve Fernandes um South Belgian Rally op Plaz 33, Ernster/Weyer op 47

© Henri Schwirtz
E Samschdeg ass den 1. Laf vum Lëtzebuerger Rallye-Championnat gefuer ginn, dat an der Regioun ëm Vresse-sur-Semois an der Belsch.
Fir punktberechtegt ze sinn am Lëtzebuerger Championnat, muss ee sech och an dëst aschreiwen. Wann een der Lëscht vun der Lëtzebuerger Automobilsportfederatioun ACLSport gleewe kann, waren um South Belgian Rally zwee Piloten, an 1 Copilot punktberechtegt. Et wieren dat bei de Piloten de Steve Fernandes an de Marc Ernster, a bei de Copiloten den Tom Weyer.
De Steve Fernandes ass mat dem belsche Copilot Olivier Beck ugetrueden, an dat op engem Renault Clio Rally4. Bis déi 10. Special huet et ausgesinn, wéi wann um Enn eng Top25-Plaz kéint eraussprangen. Ma si hunn op där Special iwwer 4min30 op de Leader verluer a sinn esou am Klassement e Stéck no hanne gerutscht.
Um Enn war et déi 33. Plaz am Generalklassement an an der Klass RC4 war et Plaz 12.

© Henri Schwirtz
De Marc Ernster ass zesumme mam Tom Weyer un den Depart gaange vun dësem Rallye, dat op engem Ford Fiesta R200. Zil fir si ass et, fir dës Saison op d'Championnat ze fueren. Bis op een Dréier, konnt den Equipage e feelerfräie Rallye fueren, bei deem um Enn Plaz 47 am General erausgesprongen ass. Wierklech zefridde war de Marc Ernster awer net, well seng Zäiten net dat erëmgespigelt hunn, wat hie sech selwer virgeholl hat. Nom Rallye soll elo d'Analys gemaach ginn, wourunner et louch. An der Klass NCM war et iwwregens Plaz 8 fir de Lëtzebuerger Duo.

© Henri Schwirtz
Hugo Arellano séierste Lëtzebuerger
Et war awer nach e weidere Lëtzebuerger Pilot um Depart, dëst a Persoun vum Hugo Arellano. Dësen huet den Depart geholl op engem Peugeot 208 Rally4, am Kader vum Stellantis Cup Belux. Säi Copilot war de Belsch Thomas Walbrecq. Et huet e puer Speciallen gedauert, ma den Hugo Arellano huet séier nees zu senger Stäerkt op sengem engem Fronttriebler fonnt. Schonn op der 3. Special ass hien déi 4.-bescht Zäit am Cup gefuer, dat bei 12 Equipagen. Op der 7. Special war et souguer Plaz 3. Duerch konstant gutt Zäiten ass et um Enn déi 5. Plaz am Stellantis Cup Belux a Plaz 22 am Generalklassement.

© Henri Schwirtz
Den nächste Rendez-vous fir d'Lëtzebuerger Rallye-Championnat ass de Weekend vum 1. Abrëll beim Rallye des Ardennes, nees an der Belsch.