De Mexikaner setzt sech viru sengem Teamkolleeg Max Verstappen an dem Fernando Alonso duerch. Fir Ferrari war et eng Course fir ze vergiessen.

De Sergio Pérez feiert déi fënneft Victoire a senger Karriär. Um Circuit zu Jeddah war de Mexikaner um RedBull vun der Pole Position an d'Course gaangen a konnt déi Positioun bis zum Enn halen. Als Zweete klasséiert sech säi Coequipier Max Verstappen, dee sech vun der 15. Plaz no vir gekämpft huet. De Fernando Alonso op Aston Martin confirméiert déi gutt Performance vun der Ecurie mam Lëtzebuerger Teamchef Mike Krack a steet no Bahrain nees um Podium.

De Fernando Alonso krut seng drëtt Plaz réckwierkend oferkannt, well hien eng zousätzlech 10-Sekonne-Strof krut. Domat gouf den George Russell nodréiglech zum Drëttplacéierten deklaréiert an huet mam Alonso d'Plaze getosch. Spéiderhi gouf dës Decisioun awer nees annuléiert, esou dass den Alonso seng drëtt Plaz awer behalen huet.

Virun dëser Entscheedung vun de Rennkommissäre war Mercedes mam George Russell a mam Lewis Hamilton op d'Plaze 4 a 5 gefuer. Fir Ferrari war et en enttäuschende Grand Prix a Saudi-Arabien. De Carlos Sainz an de Charles Leclerc fueren als 6. an 7. iwwer d'Ligne d'arrivée. Och d'Ecurie Alpine koum mam Esteban Ocon a Pierre Gasly mat zwee Fuerer an d'Punkten.

Am Generalklassement bleift de Max Verstappen Éischten, well hie sech de Punkt fir déi séierst Ronn an der Course séchere konnt. De Weltmeeschter huet elo 44 Punkten, viru sengem Teamkolleeg Pérez mat 43 Punkten an dem Fernando Alonso, deen elo op 30 Punkte kënnt.

Hei kënnt Dir déi ganz Course nach eng Kéier am Replay kucken.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 STC SAUDI ARABIAN GRAND PRIX 2023

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2023