Bagnaia wënnt éischt Course vun der Saison

© AFP
De Weltmeeschter konnt seng staark Performance aus dem Sprint vum Samschdeg confirméieren. Mat Vinales a Bezzecchi gouf et zwou Iwwerraschungen um Podium.
Nodeems de Francesco Bagnaia sech um Samschdeg beim éischte Sprint iwwerhaapt an der MotoGP duerchgesat hat, konnt hie sech och um Sonndeg beim Grand Prix vu Portugal déi éischt Plaz sécheren. Mat enger Avance vun enger knapper hallwer Sekonn gewënnt den Italieener virum Maverick Vinales déi éischt Course vun der Saison. Déi drëtt Plaz ass fir de Marco Bezzecchi. Op de Plaze 4 bis 9 gouf bis an déi lescht Kéier ëm d'Plaze gekämpft. De Johann Zarco séchert sech d'Plaz 4 virum Alex Marquez, Brad Binder, Jack Miller, Fabio Quartararo an Aleix Espargaro.
Den Ufank vun der Course war ganz interessant. De Portugis Oliveira hat dem Jorge Martin an der éischter Ronn déi éischt Plaz ofgeholl. Zwou Ronnen duerno huet de Francesco Bagnaia dës Positioun iwwerholl a bis zum Enn vun der Course net méi ofginn. De Marc Marques huet e puer Ronne méi spéit duerch e Feeler beim Verbremsen den Oliveira an de Jorge Martin ofgeschoss, woumat d'Course fir de Portugis an de Marc Marques eriwwer war.
An der Moto2 gewënnt de Pedro Acosta déi éischt Course vun der Saison mat enger knapper Avance op den Aron Canert (+1,358). Domat stoungen zwee Spuenier op den éischten zwou Plaze beim Grand Prix vu Portugal. Den Tony Arbolino koum mat engem Réckstand vu 4,460 Sekonnen op déi drëtt Plaz.
Méi knapp war et an der Moto3, wou sech den Daniel Holgado mat enger minimaler Avance vun 0,160 Sekonne virum David Munoz duerchsetzt. Och d'Avance op den Drëttplacéierte Brasilianer Diogo Moreira louch just bei 0,175 Sekonnen. Tëscht dem Éischten an dem Zéngtplacéierte louche just 1,5 Sekonne.
Um RTL Play fannt Dir de Replay vun de Courssen.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 Francesco Bagnaia 41'25.401
2 Maverick Vinales +0.687
3 Marco Bezzecchi +2.726
4 Johann Zarco +8.060
5 Alex Marques +8.125
Moto2
1 Pedro Acosta Red Bull KTM Ajo 36'04.1930
2 Aron Canet Pons Wegow Los40 +1.358
3 Tony Arbolino Elf Marc VDS Racing Team +4.460
4 Filip Salac QJMOTOR Gresini Moto2 +7.110
5 Manuel Gonzalez Correos Prepago Yamaha VR46 MasterCamp +8.193
Moto3
1 Daniel Holgado Red Bull KTM Tech3 34'27.0610
2 David Muñoz BOE Motorsports +0.160
3 Diogo Moreira MT Helmets - MSI +0.175
4 Jose Antonio Rueda Red Bull KTM Ajo +0.206
5 Jaume Masia Leopard Racing +0.233
De General
MotoGP
1 Francesco Bagnaia 37
2 Maverick Vinales 25
3 Marco Bezzecchi 16
4 Johann Zarco 15
5 Jack Miller 15
Moto2
1 Pedro Acosta 25
2 Aron Canet 20
3 Tony Arbolino 16
4 12 Filip Salac 13
5 Manuel Gonzalez Correos Prepago 11
Moto3
1 Daniel Holgado 25
2 David Muñoz 20
3 Diogo Moreira 16
4 Jose Antonio Rueda 13
5 Jaume Masia 11