Bei der éischter Course am Lëtzebuerger Karting-Championnat 2023 zu Belval-sous-Châtillon (F) waren eng ganz Rei Lëtzebuerger Piloten um Depart.

An der Kategorie "Master" huet den Nascar Pilot Gil Linster e super Resultat erausgefuer. Souwuel am Training wéi och an de Virleef war de Mann aus Fréiseng jeeweils um Podium, fir um Enn d'Finall ze gewannen.

Bei den "Gentlemen" stoung de Joël Tousch um Enn ganz uewen um Podium.

Bei schwierege Wiederbedingungen hat de Canio Marchione bei de "KZ2 Gentlemen" kee gudden Dag erwëscht. Hien huet d'Top Ten ganz knapp verpasst.

Bei de "Senioren" kënnt de Pol Leytem op Plaz 7 an der Finall.

An der Kategorie "Nationale" huet de Yannick Schmitt eng super 5. an den Olivier Poeckes eng 9. Plaz erausgefuer.

An der Kategorie "Mini 60", déi am beschte besat war, placéiere sech den Alexandre Point an de Pit Limpach an den Top Ten, iwwerdeems de Max Engel an de Philippe Massard knapp ausserhalb den Top Ten loungen.

Di eenzel Resultater fannt dir ënner www.speedhive.com.