Keng Biergcourse - Mä dofir awer eng Ausstellung op Ouschterméindeg

Racing Action Lorentzweiler wëll un déi gutt al Zäiten erënneren, wou zu Luerenzweiler nach Biergcourse gefuer gouf. E Revival ass fir 2024 uviséiert.
Ouschterméindeg war fir de Lëtzebuerger Automobilsport ëmmer ee wichteg Rendezvous. Op deem Datum ass ëmmer d'Biergcourse zu Luerenzweiler gefuer ginn. Zanter enger Partie vu Joren ass dat awer net méi de Fall. Elo probéiert d'Racing Action Luerenzweiler déi Traditioun nees opliewen ze loossen. Dëst Joer mat enger Ausstellung.
Dausende Visiteure sinn an der Zäit op Ouschterméindeg op Luerenzweiler gepilgert, fir bei der Biergcourse dobäi ze sinn. Déi gutt al Zäit wëll d'Racing Action Luerenzweiler elo nees opliewe loossen. Datt dat net vun haut op muer geet, ass gewosst. Do wou ëmmer den Depart war, ass elo eng grouss Cité entstanen. A genau do an der Schoul ass elo och d'Ausstellung.
D'Plaz ass net zoufälleg ausgewielt. De Sënn ass nämlech, fir ënnert anerem deene Leit déi elo do wunnen, ze weisen, wat an der Zäit op Ouschterméindeg alles zu Luerenzweiler lass war. D'Autoe stinn dobäi am Mëttelpunkt, awer net nëmmen. De Paul Krier vun den Organisateuren erkläert, dass vill Autoen aus dem Automobilsport wäerten do sinn, ma och Oldtimer, Youngtimer oder Motorrieder.
E puer richteg Highlights si bei den Ausstellungsstécker mat dobäi, sou z.B. de McLaren 720 GT3 vu JP Motorsport, e Porsche Cayman GT4, Biergcourse-Autoen aus de 70er, 80er, 90er an 2000er.
Den Dylan Pereira ass sécherlech den Ament de bekanntste Lëtzebuerger Automobilsportler. Hien ass och op Ouschterméindeg mat dobäi a wäert op engem vun de Rennsimulatoren eng séier Ronn fueren, déi et dann ze schloe gëllt. Duerno steet dann och nach eng Autogrammstonn um Programm.
Nieft dem Dylan Perreira an den Ausstellungsstécker, ass awer ënnert anerem och nach den ACL op der Ausstellung vertrueden. Si komme mat Elektro-Karten, fir déi virzestellen. Do kéint een dann och eventuell e mol en Tour domat fueren.
Sënn an Zweck vun der Ausstellung ass et, fir de Leit d'Biergcourse zu Luerenzweiler nees méi no ze bréngen. De Paul Krier ass dofir och optimistesch, datt an den nächste Joren nees zu Luerenzweiler ka gefuer ginn. Et géif sech eppes an där Richtung doen, esou de Paul Krier. Souwuel vum ACL, wéi och vun der Gemeng Luerenzweiler hätt een an deem Sënn Ënnerstëtzung zougesot kritt. Et géif een 2024, respektiv 2025 envisagéieren, an der Hoffnung, dass ee vun de Ministèren net ze vill Steng an de Wee geluecht kritt.
Bis dohi muss ee sech awer emol mat der Ausstellung zefridde ginn, an déi ass op Ouschterméindeg vu moies 10 bis owes 18 Auer.