De Max Verstappen wënnt eng turbulent Course

© AFP
An der Formel 1 war et dëse Weekend de Grousse Präis vun Australien. Direkt am Ufank vun der Course war et den Out fir de Charles Leclerc.
Et war eng turbulent Ufanksphas beim Grousse Präis vun Australien. Beim Start konnt sech den George Russell un d'Spëtzt setzen, ier et kuerz méi spéit duerch de Charles Leclerc eng Sortie de roude Fändel gouf. Deen Ament koum de Safety Car an den Asaz. An der Suite war et eng duebel Féierung fir Mercedes, dat virum Verstappen.
An der 7. Ronn gouf et dunn no engem Accident vum Alex Albon eng weider Safety-Car-Phas. Dës huet de Leader George Russell genotzt, fir an d'Box ze goen, dëst sollt sech allerdéngs spéider als Feeler erausstellen, well zwou Ronne méi spéit gouf et de roude Fändel an d'Course gouf ënnerbrach. Deemno ass de Russell op d'Plaz 7 zeréckgefall, iwwerdeems déi Fuerer virun him e gratis Pneuewiessel geschenkt kruten, well een eben ënnert roudem Fändel d'Pneue wiesselen duerf.
Beim Restart gouf et keng gréisser Tëschefäll an den George Russell konnt sech do nees vu Plaz 7 op 5 no vir schaffen. An der 12. Ronn huet de Max Verstappen dunn an der neier DRS-Zon de Lewis Hamilton iwwerholl a louch also nees un der Spëtzt vun der Course. Dem George Russell seng Power Unit huet dunn an der 18. Ronn de Geescht opginn an esou konnt de jonke Britt d'Course net op en Enn fueren. Eppes, wat éischter seele bei Mercedes virkënnt. Well den Auto nach op der Streck stoung, koum fir zwou Ronnen de Virtual Safety Car an den Asaz.
Den zweete Red Bull, de Sergio Perez, dee vun der leschter Plaz aus an d'Course gaangen ass, war no 24 Ronnen dann och schonn an den Top 10 an domat an de Punkten. Dat iwwerdeems säi Co-Equipier sech un der Spëtzt ëmmer weider ofsetze konnt.
Et gouf dunn nach eemol e Restart fir déi lescht zwou Ronnen, deemno war alles prett, fir e spannende Showdown zum Schluss. A bei deem Restart war eng méi lass, do gouf et nämlech e puer Accidenter. Engersäits gouf de Fernando Alonso vum Carlos Sainz gedréint, ma fir direkt véier Autoe war d'Course eriwwer, an zwar fir de Logan Sargeant, den Nyck de Vries a fir béid Alpine-Chaufferen Esteban Ocon a Pierre Gasly, déi sech géigesäiteg ofgeschoss hunn. An der Suite gouf et dunn och den drëtte roude Fändel. Och de Sergio Perez an de Lance Stroll si vun der Pist ofkomm an hu vill Plaze verluer.
D'Course gouf nach emol nei lancéiert, woubäi d'Course-Direktioun eng Start-Reiefolleg fir déi 12 Autoen, déi iwwereg bliwwe sinn, festgeluecht huet.
Hei gouf awer just nach een Tour ënner Safety Car gefuer, deemno wënnt de Max Verstappen virum Lewis Hamilton an dem Fernando Alonso. Fir den Hollänner ass et déi 37. Victoire a senger Karriär an déi éischt zu Melbourne. De Sergio Perez ass iwwregens déi séierst Ronn gefuer.
De Carlos Sainz krut wéinst dem Accrochage mam Fernando Alonso eng 5-Sekonnestrof an ass vun der 4. Plaz nach aus der Top 10 gefall.
FORMULA 1 ROLEX AUSTRALIAN GRAND PRIX 2023
Saison-Kalenner 2023
28. bis 30. Abrëll: FORMULA 1 AZERBAIJAN GRAND PRIX 2023
Baku City Circuit - Aserbaidjan
5. bis 7. Mee: FORMULA 1 CRYPTO.COM MIAMI GRAND PRIX 2023
Miami International Autodrome - USA
19. bis 21. Mee: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS GRAN PREMIO DEL MADE IN ITALY E DELL'EMILIA-ROMAGNA 2023
Autodromo Enzo e Dino Ferrari - Italien
26. bis 28. Mee: FORMULA 1 GRAND PRIX DE MONACO 2023
Circuit de Monaco - Monaco
2. bis 4. Juni: FORMULA 1 AWS GRAN PREMIO DE ESPAÑA 2023
Circuit de Barcelona-Catalunya - Spuenien
16. bis 18. Juni: FORMULA 1 PIRELLI GRAND PRIX DU CANADA 2023
Circuit Gilles-Villeneuve - Kanada
30. Juni bis 2. Juli: FORMULA 1 GROSSER PREIS VON ÖSTERREICH 2023
Red Bull Ring - Éisträich
7. bis 9. Juli: FORMULA 1 ARAMCO BRITISH GRAND PRIX 2023
Silverstone Circuit - England
21. bis 23. Juli: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS HUNGARIAN GRAND PRIX 2023
Hungaroring - Ungarn
28. bis 30. Juli: FORMULA 1 BELGIAN GRAND PRIX 2023
Circuit de Spa-Francorchamps - Belsch
25. bis 27. August: FORMULA 1 HEINEKEN DUTCH GRAND PRIX 2023
Circuit Zandvoort - Holland
1. bis 3. September: FORMULA 1 PIRELLI GRAN PREMIO D’ITALIA 2023
Autodromo Nazionale Monza - Italien
15. bis 17. September: FORMULA 1 SINGAPORE AIRLINES SINGAPORE GRAND PRIX 2023
Marina Bay Street Circuit - Singapur
22. bis 24. September: FORMULA 1 LENOVO JAPANESE GRAND PRIX 2023
Suzuka International Racing Course - Japan
6. bis 8. Oktober: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2023
Lusail International Circuit - Katar
20. bis 22. Oktober: FORMULA 1 LENOVO UNITED STATES GRAND PRIX 2023
Circuit of The Americas - USA
27. bis 29. Oktober: FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2023
Autódromo Hermanos Rodríguez - Mexiko
3. bis 5. November: FORMULA 1 ROLEX GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2023
Autódromo José Carlos Pace - Brasilien
17. bis 19. November: FORMULA 1 HEINEKEN SILVER LAS VEGAS GRAND PRIX 2023
Las Vegas - USA
24. bis 26. November: FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2023
Yas Marina Circuit - Abu Dhabi