Et ware ganz schwiereg Konditiounen am argentineschen Termas de Rio Hondo. Am Reen huet de Marco Bezzecchi awer kee Feeler gemaach a souverän gewonnen.

Wéi d’Wieder huet sech beim 2. GP vun der Saison och d’Blat permanent gedréint. Freides huet am fräien Training alles no engem ganz staarken Aprilia-Wierksteam ausgesinn. Samschdes feiert dunn den Alex Marquez fir d’éischt d’Beschtzäit am 1. Qualifying an am 2. Qualifying seng 1. Pole an der MotoGP. Mëttes stiermt am Sprint dann awer de Brad Binder mat senger KTM vu Startplatz 15 bis no ganz vir a kann an der leschter Ronn d’Attack vum Marco Bezzechi ofwieren. An der Nuecht kënnt awer de Reen an och wärend de Courssen drëpst et ëmmer nees.

Dovunner léisst sech de Marco Bezzechi awer net beandrocken an den Italiener féiert seng Ducati vun der zweeter Startplaz ouni ee Feeler zur souveräner éischter Victoire a senger Karriär. No 17 Ronne rutscht dem Weltmeeschter Francesco Bagnaia an der 13. Kéier de viischte Pneu ewech. Den Alex Marquez ass domadder virum Franco Morbidelli Drëtten, ma an de leschte Ronne kënnt vun hannen de Johann Zarco. Zwou Ronne viru Schluss profitéiert hie vun engem klenge Feeler vum Franco Morbidelli. Mat zwou 4. Plazen endlech nees ee gudde Weekend fir de Vizeweltmeeschter vun 2020 op Yamaha. An enorm staark bremst de Johann Zarco op der leschter Ronn nach de Alex Marquez aus. Ee Podium aus den dräi Satelittenekippe vun Ducati, déi zesumme schonns 19 Podien, awer nach keng GP-Victoire gepackt hunn.

An der Moto2 huet de Pedro Acosta als beschte Rookie vum leschte Joer no senger staarker Victoire a Portugal vill Problemer a gëtt just 12. Dovunner profitéiert den Tony Arbolino, dee mat senger Victoire d‘Féierung an der WM iwwerhëlt. No senger Nullnummer a Portugal louch den Alonso Lopez laang vir a gouf Zweeten. Richteg feiere konnt awer de Britt Jake Dixon: E Samschdeg koum säi Meedche Summer Rose op d’Welt, den Dag drop fiert hien op de Podium. An de staarken Aron Canert fiert no zwee Long Laps wéinst Fréistart awer nach op d'Plaz 4.

Am Reen war et bei de Moto3 net esou extrem enk wéi nach déi leschte Woch. Dofir gouf et hei awer vill Chutten. Kee Feeler huet sech dobäi den Tatsuki Suzuki vun der Lëtzebuerger Ekipp Leopard erlaabt. Hie wënnt mat bal 5 Sekonne Virsprong op de Brasilianer Diogo Moreira a klëmmt domadder op déi drëtte Platz am General.

Um RTL Play fannt Dir de Replay vun de Courssen. 

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1 Marco Bezzechi Mooney VR46 Ducati 44'28.5180
2 Johann Zarco Prima Pramac Ducati +4.085
3. Alex Marques Gresini Racing Ducati +4681
4. Franco Morbidelli Monster Energy Yamaha +7.581
5. Jorge Martin Prima Pramac Ducati +9.746

Moto2

1 Tony Arbolino Elf Marc VDS Racing Team 26’26.6060
2 Alonso Lopez Beta Tools SpeedUp +0.663
3. Jake Dixon Solunio GASGAS Aspar +1.961
4 Aron Canet Pons Wegow Los40 +7.769
5 Sergio Garcia Pons Wegow Los40 +11.954

Moto3

1 Tatsuki Suzuki Leopard Racing 35'18.0990
2 Diogo Moreira MT Helmets - MSI  +4.571
3 Andrea Migno CIP Green Power +4.699
4 Daniel Holgado Red Bull KTM +8.814
5 Scott Ogden VisionTrack +11.512

De General

MotoGP

1 Marco Bezzecchi 50
2 Francesco Bagnaia 41
3 Johann Zarco 35
4 Alex Marquez 33
5 Maverick Vinales 32

Moto2

1 Tony Arbolino 41
2 Aron Canet  33
3 Pedro Acosta   29
4 Jake Dixon 26
5 Filip Salac  22

Moto3

1 Daniel Holgado 38
2 Diogo Moreira 36
3 Tatsuki Suzuki 27
4 David Muñoz 20
5 Stefano Nepa 19