An der Formel 1 ass d'Saison voll am gaangen. An enger Rei anere Kategorien am Automobilsport sinn d'Piloten och schonn op vollen Touren.

Am Auto-Cross lafen dogéint déi lescht Preparativen, an dat ass och de Fall beim Europameeschter an Lëtzebuerger Automobilsportler vum Joer, dem Kevin Peters.

Kevin Peters mam leschten Test / Rep. Franky Hippert

Den Auto vum Europameeschter am Buggy 1600 steet esou wäit, an elo geet et op d'Tester. Déi éischt Testcourse ass d'nächst Woch zu Chaumont a Frankräich.

Zwou Woche méi spéit geet et dann an déi Tschechesch Republik. Do huet d'Streck e bëssen aner Charakteristiken.

Deen Test an der Tschechescher Republik huet nieft dem Auto, deen ofgestëmmt ka ginn, awer och nach en aner Virdeel, an zwar ass do och eng Manche vun der Europameeschterschaft.

Lo am Moment kritt den Auto nach säin neien Design. Parallel muss een als Auto-Cross Europameeschter awer dofir suergen, datt säi Camion mat allem gelueden ass, dat wichteg ass.

Déi nei Europameeschterschaft fänkt dann de Weekend vum 13. a 14. Mee un.