Den Dylan Pereira fiert op Audi R8 LMS EVO II

© Tresor Attempto Racing
Laang war et roueg ëm den Dylan Pereira. Elo um Freideg huet hie matgedeelt, dass hien am GT World Challenge Europe Endurance Cup wäert untrieden.
Hie wäert do Deel vum Team "Tresor Attempto Racing" sinn an am Bronze-Cup mat der Startnummer #66 ëm Punkte fueren. Fir am Bronze-Cup als Team starten ze kënnen, brauch een 3 Piloten, wouvunner ee muss vun der Astufung hier de Bronze-Status hunn, ee mat Sëlwer-Status an ee mat Gold-Status. Den Dylan Pereira iwwerhëlt an dësem Fall d'Roll vum Gold-Fuerer.
De Bronze-Cup ass extrem gutt besat dëst Joer, well wann een hei gewënnt, da wénkt d'Entrée an de Cockpit vun engem GT3-Auto bei der 24-Stonne-Course vu LeMans 2024. Bei der 24-Stonne-Course vu Spa Francorchamps sinn z.B. net manner wéi 25 Teams am Bronze-Cup ugemellt. Déi Course ass vum 29. Juni bis 2. Juli.
Am GT World Challenge Europe Endurance Cup sti 5 Courssen um Programm
3 Hours of Monza | Autodromo Nazionale Monza, Monza, Italy | 22–23 April |
Circuit Paul Ricard 1000 km | Circuit Paul Ricard, Le Castellet, France | 3–4 June |
CrowdStrike 24 Hours of Spa | Circuit de Spa-Francorchamps, Stavelot, Belgium | 29 June–2 July |
3 Hours of Nürburgring | Nürburgring, Nürburg, Germany | 29–30 July |
3 Hours of Barcelona | Circuit de Barcelona-Catalunya, Montmeló, Spain | 30 September–1 October |
De Cockpit an dëser Meeschterschaft deelt den Dylan Pereira sech mam Emilian "Kikko" Galbiati aus Italien an dem Andrey Mukovoz aus Russland.

© Tresor Attempto Racing
An engem weideren Auto vun Tresor Attempto Racing gëtt et eng immens staark Besetzung mat Mattia Drudi, Ricardo Feller an Dennis Marschall. Si fueren an der Pro-Kategorie mat der Startnummer #40.An der Silver-Kategorie fuere mat der Startnummer #99: Alex Aka, Pietro Delli Guanti a Lorenzo Patrese.
Nieft dem Asaz am GTWCEE-Cup fiert den Dylan Pereira och nach verschidde Courssen um Porsche 911 GT3 Cup vum Clickversicherung Team, dorënner och dat legendäert 24-Stonne-Rennen um Nürburgring. Do dierften dann och nees vill Lëtzebuerger un der Streck stoen.
Eng weider Ukënnegung fir d'Saison steet och nach un, ma do musse mer eis nach e bësse gedëllegen. Am Porsche Supercup, grad ewéi am Porsche Carrera Cup sinn iwwerdeem keng Asätz geplangt dëst Joer.