Craig Breen bei Test fir Kroatien-Rallye ëm d'Liewe komm

© Nikos Katikis / AFP
Hyundai Motorsport huet um Donneschdeg de Mëtteg matgedeelt, dass de Craig Breen bei engem Test-Event en Accident hat, deen en net iwwerlieft huet.
Säi Co-Pilot James Fulton blouf onverletzt.
De Craig Breen huet seng Karriär 1999 mat Karting ugefaangen. 2007 ass en dunn an de Rallyesport komm. Hien ass an der irescher, brittescher an internationaler Fiesta-Trophy gefuer a konnt se allen dräi gewannen. Doropshi krut hien e Kontrakt bei M-Sport, wouropshin hie souwuel am Ford Fiesta ST, grad ewéi am Ford Fiesta R2 an der Rallye-WM ugetrueden ass.
Am Joer 2010 war et dunn den éischten Asaz am Ford Fiesta S2000 an der brittescher Meeschterschaft, respektiv an Irland.
Am Joer 2013 huet hie bei Peugeot e Wierkskontrakt ënnerschriwwen a konnt um Enn déi 3. Plaz an der ERC feieren. 2014 war et hei nees déi drëtt Plaz an 2015 Plaz 2.
2016 ass e fir d'Abu Dhabi Total WRT - Team op engem Citroën DS3 WRC an der Rallye-WM ugetrueden, éier hien 2019 bei Hyundai gewiesselt ass. 2022 war et de Wiessel zeréck bei M-Sport, wou en déi ganz Saison um Ford Puma Rally1 gefuer ass.
Fir d'Saison 2023 krut hien dunn nees e Kontrakt bei Hyundai. Hien ass um Donneschdeg en Test mam Hyundai i20 N Rally1 gefuer, en Vue vum Kroatien-Rallye, dee vum 20.-23 Abrëll gefuer gëtt. Bei deem Test koum et zu engem Accident, dee fir de sympatheschen Ir sollt déidlech ausgoen. Hien ass 33 Joer al ginn.