Nascar Whelen Euro Series
De Gil Linster wiesselt d'Ekipp

© Hendriks Motorsport
De Lëtzebuerger Gil Linster fiert 2023 nach e Joer an der Nascar Whelen Euro Series, an dat am hollänneschen Team "Hendriks Motorsport".
Hien iwwerhëlt de Cockpit vum Champion vun 2022 Liam Hezemans, deen an d’Kategorie "EuroNASCAR Pro" opgestigen ass. "Näischt anescht wéi den Titel an der EuroNASCAR 2 ass d’Zil fir dëst Joer", seet de Mann vu Fréiseng mat voller Iwwerzeegung. "Dat musst d'Zil sinn, dofir fueren ech an deem Team", sou déi kloer Uso vum Lëtzebuerger. Déi éischt Course ass de 6. an de 7. Mee zu Valencia.
Am meeschte gelies