Slalom um Circuit zu Colmer am leschte Moment ofgesot

Eigentlech sollt dëse Weekend eng Manche vum Lëtzebuerger Slalom-Championnat gefuer ginn. Déi gouf awer elo kuerzfristeg annuléiert.
Am Schreiwes vun der Lëtzebuerger Automobilsportfederatioun ass ze liesen, dass souwuel den Organisator, (Union des Pilotes), grad ewéi d'Federatioun selwer prett gewiescht wieren. Et hätt awer bis elo zum Schluss nach eng decisiv Ënnerschrëft gefeelt, déi bis elo nach ëmmer net do gewiescht wier. Dofir hätt een elo schwéieren Häerzens mussen d'Decisioun huelen, de Slalom ofzesoen, esou den Directeur sportif Florian Brouir.
Aus dem Communiqué war net gewuer ze ginn, ëm wéi eng Ënnerschrëft et sech hei handelt, déi gefeelt huet.
D'Federatioun setzt sech elo mat der Union des Pilotes zesummen, fir eng Analys ze maachen, wou genee de Problem louch, fir déi néideg Autorisatioune mat Zäiten ze kréien, fir dass sou eppes an Zukunft net méi virkënnt.
De President vun der Automobilsportfederatioun, Romain Gantrel, huet verséchert, dass an Zukunft sou e Slalom iwwerall am Land kéint organiséiert ginn.
E Merci geet dann och nach un déi sëllege Piloten, déi sech bereet erkläert haten un deem Slalom deelzehuelen, deen déi éischt Epreuve gewiescht wier, deen d'Union des Pilotes an hirer neier Konstellatioun organiséiert huet.