Francesco Bagnaia séchert sech d'Pole an de Sprint

© AFP
An enger spannender Schlussphas vum Qualifying konnt de Francesco Bagnaia am leschte Moment mat Ronnerekord dem Alex Rins op Honda d’Pole nach ewechhuelen.
Déi zwee hu sech e Samschdeg zu Austin och am Sprint duelléiert, ma um Enn huet de Weltmeeschter Francesco Bagnaia souverän gewonnen.
Och wann de "Pecco" Bagnaia no engem Verbremser vum Alex Rins no 2 Ronnen d’Course vu vir konnt wannen, esou war et hannert dem Weltmeeschter awer nees ganz spannend am Kampf ëm de Podium an d'Punkten. Grousse Gewënner vun deem Kampf war den Alex Rins mat enger staarker 2. Plaz a Verléierer war den Alex Marquez an de Fabio Quartararo, déi allebéid op de Buedem hu missten.
D'Resultat vum Sprint
1 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo 20’35.2700
2 Alex Rins LCR Honda +2.545
3 Jorge Martin Prima Pramac +4.706
4 Aleix Espargaro Aprilia +5.052
5 Brad Binder Red Bull KTM +8.175
Qualifying vu der Moto2
Bei der Moto2 versprécht et nees eng spannend Course ze ginn, wëll de Celstino Vietti huet säi Speed vun der leschter Saison rëmfonnt a sech just 2 Honnertstel virum Pedro Acosta duerchgesat. De Filip Salac ass Drëtten an der éischter Rei an den aktuelle WM-Leader Tony Arbelino muss sech aus der drëtter Rei de Wee no vir sichen.
Qualifying vu der Moto3
Zwee Joer no senger Pole zu Austin steet den Jaume Masia vum Lëtzebuerger Leopard-Team op senger nächster Pole. Bei der Moto3 kënnt knapps hannendrun den Ayumu Sasaki an Ivan Ortola. Wéi eng Partie aner Fuerer ass och de WM-Leader Daniel Holgado gefall a start nëmme vun der fënnefter Plaz.
LINK: De GP zu Austin vu 17.45 Auer u live
D'Resultater vum Qualifying
MotoGP
1 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo 02’01.892
2 Alex Rins LCR Honda +0.160
3 Luca Marini Mooney VR46 +0.289
4 Alex Marques Gresini Racing +0.350
5 Marco Bezzecchi Mooney VR46 +0.376
6 Aleix Espargaro Aprilia +0.647
Moto2
1 Celentino Vietti Fantic Racing 02’09.432
2 Pedro Acosta Red Bull KTM Ajo +0,020
3 Filip Salac Qjmotor Gresini +0.116
Moto3
1 Jaume Masia Leopard Racing 2’16.250
2 Ayumu Sasaki Liqui Moly Husqvarna +0.101
3 Ivan Ortola Angulus MTA +0.306