An der Superstock-Kategorie huet d'Ekipp vum Lëtzebuerger de Podium knapp verpasst. D'Haaptcourse gouf vun F.C.C. TSR Honda France gewonnen.

24 Stonne vu Le Mans am Superstock: De Chris Leesch ka mat 4. Plaz iwwerzeegen

No 2018 an 2020 goung d'Victoire vun de 24 Stonne vu Le Mans dëst Joer nees un Honda. Am Kader vum Optakt vun der Laangstrecke-WM hu Josh Hook, Mike di Meglio an Alan Techer eng feelerfräi Course gewisen a si souverän als éischt iwwer d'Arrivée gefuer. Hannendru huet sech YART – Yamaha Official Team EWC mam Marvin Fritz, Karel Hanika und Niccolo Canepa klasséiert. De Podium gouf vun der Ekipp BMW Motorrad World Endurance mam Markus Reiterberger, Ilya Mikhalchik a Jeremy Guarnoni komplettéiert.

Eng Onmass vu Leit waren zu Le Mans fir déi 46. Oplag vun der legendärer Ausdauercourse. 2 Kategorien, 6 Motosmarken, 54 Teams, 162 Fuerer, 24 Stonnen an all Moment kann eppes passéieren.

Fir säin Team Chromeburner huet nees de Chris Leesch de klassesche Le-Mans-Start gemaach. No enger Opwiermronn gouf sech opgestallt a no engem kuerze Sprint goung et lass. Et war net einfach, duerch d'Gewulls an den éischte Kéieren ze kommen. Och de Chris Leesch gouf schonns 2021 an der éischter Kéier ofgeschoss, dës Kéier huet et de Polesetter Yoshimura SERT Suzuki erwëscht. Se kréien hir Suzuki zwar nees gefléckt, ma bal 20 Ronne an och de méigleche Podium si fort.

No engem schwierege Qualifying ass den Chris Leesch als 19. ënnerwee a forcéiert net. Ausser wärend engem Safety Car gesäit een de 27-jährege Lëtzebuerger net vill. An souguer mam Safety Car ass een net sécher, wéi sech mat de méi kale Pneuen direkt hannert him weist.

Nodeems et am Qualifying vill gereent hat, ass et op d'mannst d'ganz Course dréche bliwwen an d'Weltmeeschter vun Honda hu ganz vir feelerfräi hir Ronnen gedréint. Nuets ass et kal ginn, am fréie Moie waren et just 2 oder 3 Grad. Ma och d'Chromeburner hu keng Feeler gemaach. Um Ufank si si als 19. net nervös ginn, hu net ze vill riskéiert a si mat konstant séiere Ronnenzäiten no an no no vir gefuer.

An de Moiesstonnen huet sech d'Nummer 41 mat der 9 vu Tecmas MRP BMW am Rhythmus vun de Fuererwiessel em déi 8. Plaz an éischten an der Superstock-Kategorie ofgewiesselt.

E puer Ronnen éier de Chris Leesch géint Mëtteg nees sollt vum Jonathan Hardt de Guidon iwwerhuelen, ass awer der Nummer 36 de Moto geplatzt. Op der Uelegspuer ass den Hardt och nach ausgerutscht. Just nach 3 Stonne Course an de Moto war zimmlech zerstéiert. Et gouf gekuckt ze retten, wat ze retten war.

No ronn enger hallwer Stonn konnt de Chris Leesch nees op d'Streck. A no der gudder Leeschtung bis elo louche si souguer nach op der 14. Platz an op der 4. am Superstock, just eng Ronn hannert dem Podium. No vir konnt een awer net méi attackéieren.

An der Superstock-Kategorie koum de Chris Leesch mat sengem Team RAC41 Chromeburner op déi 4. Plaz. Gewonnen huet um Enn d'Ekipp vu BMW Tecmas-MRP virun 3ART Best of Bike (Yamaha) an d'No Limits-Team (Honda).