KTM mat Binder a Miller enorm staark
An der spannender Qualifikatioun a bei der zweeter Sprint-Victoire vum Brad Binder placéiert KTM hir dräi offiziell Motorrieder an den Top6.
Ma de Weltmeeschter Francesco Bagnaia huet op senger Ducati dogéint gehalen.
Bei héijen Temperaturen a Südspuenien hat eng Schauer d’Qualifikatioun immens spannend gemaach. Op enger Streck, déi ëmmer méi dréche gouf, huet sech den Aleix Espargaro op der Aprilia d’Pole geséchert. Ma mam Jack Miller (KTM) op 2 an dem Jorge Martin (Ducati) donieft sti fir déi éischte Kéier dës Saison dräi verschidde Marken an der éischter Startrei.
No enger Chute vu véier Piloten an der zweeter Kéier gouf de Sprint frësch gestart an déi zwou KTM vu Jack Miller a Brad Binder hunn un der Spëtzt vun enger 7er-Gruppe fir eng animéiert Course gesuergt. An der sechster Ronn ass dobäi de Polesetter Espargaro gefall an am leschten Tour huet sech de Francesco Bagnaia nach vum Jack Miller déi zweet Platz geholl. Déi séierst Ronn fiert awer de dräifache Weltmeeschter Pedrosa als Sechsten.
Qualifying vu der Moto2
De brittesche Routinier Sam Lowes huet säi Rekord an der Moto2 mat enger 19 Pole ausgebaut. Ma säi Teamkolleeg a WM-Leader Tony Arbolino muss als Zéngten aus der véierter Réi ee Wee no vir sichen. Mat dem Somkiat Chantra, dem aktuelle WM-Drëtten Aaron Canet an dem WM-Véierte Filip Salac stinn awer nach ee puer Podiumaspiranten direkt hannert him. No sengen zwou Victoire start de Pedro Acosta als Zweeten an op 0.820 Sekonnen ass de jonke Belsch vu Namur Barry Baltus als Sechste säi bis elo bescht Qualifying gefuer.
Qualifying vu der Moto3
De staarken Türk Deniz Önzü fiert op seng fënnefte Pole a wëll muer dann och endlech seng éischt Victoire an der Moto3 huelen. Nieft him start da just nach den Ivan Ortola wëll sech de David Muñoz op der Sich no der Beschtzäit an der leschter Kéier nach de lenke Fouss gebrach huet. Déi éischt Dräi vun der WM konnte sech dogéint just an déi 3. resp. 5. Startrei placéieren.
D'Resultat vum Sprint
1 Brad Binder Red Bull KTM 18’07.0550
2 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo +0.428
3 Jack Miller Red Bull KTM +0.680
4 Jorge Martin Prima Pramac +0.853
5 Miguel Oliveira +1.638
De Qualifying
MotoGP
1 Aleix Espargaro Aprilia 01’37.216
2 Jack Miller Red Bull KTM +0.221
3 Jorge Martin Prima Pramac +0.242
4 Brad Binder Red Bull KTM +0.316
5 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo +0.341
6 Dani Pedrosa Red Bull KTM +03.67
Moto2
1 Sam Lowes Elf Marc VDS 01’40.750
2 Pedro Acosta Red Bull KTM Ajo +0.578
3 Jake Dixon Autosolar GASGAS Aspar +0.580
Moto3
1 Deniz Öncü Red Bull KTM 01’45.668
2 Ivan Ortola Angulus MTA +0.115
3 David Muñoz BOE +0.297
Kuckt e Sonndeg de Livestream vun der MotoGP op RTL.lu an RTL Today