De Sergio Perez huet sech souverän virum Max Verstappen an dem Charles Leclerc duerchgesat. Un d'Vitesse vu Red Bull koum um Sonndeg keen erun.

Et war den 2. Succès vun der Saison fir de Mexikaner Perez, dee sech nom éischte Safety Car op déi éischt Plaz gesat huet a bis zum Schluss net méi agefaange gouf. Et war eng Première, well de Perez ass den 1. Pilot, deen zweemol zu Baku gewonnen huet. Hannendru hu sech de Max Verstappen an de Charles Leclerc klasséiert. Red Bull huet domadder och 13 vun de leschte 14 Course fir sech entscheet. De Verstappen bleift Leader am General, de Perez huet awer just nach e Retard vu 6 Punkten.

Nom Start hat sech an den éischte Positiounen näischt gedoen. De Leclerc louch weiderhi virum Verstappen an dem Perez. Kuerz nodeems d'DRS-Zonen an der Course fräigi sinn, huet de Verstappen de Leclerc iwwerholl. De Perez huet et kuerz drop d'selwecht gemaach wéi säin Teamkolleeg an huet sech virun de Leclerc op déi 2. Plaz no vir geschafft.

Nom éischte Safety Car vun der Course gouf d'Reiefolleg duerch d'Boxestoppen op d'Kopp geheit. De Perez war op der éischter Plaz, wärend de Verstappen direkt nom Restart laanscht de Leclerc nees op d'Plaz 2 gefuer ass. Profiteur vum Safety Car war och den Alonso, deen op der 4. Plaz louch.

An der Suite huet sech de Perez lues awer sécher vu sengem Teamkolleeg ofgesat, och wa vill Pilote Problemer mam Grip op der Streck haten. Méi hannen an der Course huet sech den Hamilton op der 6. Plaz schwéier gedoen, fir laanscht de Sainz ze fueren. Den Hamilton ass ëmmer nees un de Spuenier erugefuer, konnt en awer bis zum Schluss net iwwerhuelen.

D'Lutte ëm déi 3. Plaz tëschent dem Leclerc an dem Alonso war och interessant. De Spuenier huet sech no a no méi no un de Ferrari-Pilot erugeschafft, de Leclerc konnt de Virsprong an de leschte Ronnen awer stabiliséieren an esouguer nees ausbauen.

No 51 Ronnen an enger roueger Course ass de Perez als éischten iwwer d'Arrivée gefuer an dat souverän virum Verstappen an dem Leclerc. Den George Russell ass just den 8. ginn, konnt awer déi séierst Ronn fueren.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 AZERBAIJAN GRAND PRIX 2023

Resultat Aserbaidjan

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2023