Et war déi zweet Victoire vun der Saison fir den Italieener. Op d'Plazen 2 an 3 koumen de Brad Binder an den Jack Miller.

No enger Chute an der 1. Kéier an där de Fabio Quartararo an de Miguel Oliveira involvéiert waren, huet d'Course no engem roude Fändel misse nei gestart ginn.

No dem Restart ass d'Reiefolleg duerchernee gerëselt ginn. De Brad Binder ass vun der 4. op déi éischt Plaz no vir gefuer. Den Jack Miller an de Francesco Bagnaia louchen op de Positiounen 2 an 3. De Polesetter Aleix Espargaro ass op déi 5. Plaz zeréckgefall.

An der Suite gouf et un der Spëtzt eng ganz enk Course. De Binder konnt sech liicht ofsetzen, d'Plazen 2 bis 5 waren awer staark ëmkämpft. De Verléierer vun dëser Lutte war de Jorge Martin, deen hannert de Miller, de Bagnaia an den Espargaro zréckgefall ass. Am Laf vun der Course konnt hien den Espargaro awer nees iwwerhuelen.

Un der Spëtzt ass dem Binder säi Virsprong op de Miller an de Bagnaia Ronn fir Ronn méi kleng ginn. 10 Ronne viru Schluss huet de Miller awer e puer Feeler gemaach an en ass hannert de Bagnaia zréckgefall. De Binder huet dovu profitéiert, fir säin Avantage nees eropzeschrauwen.

De Bagnaia ass an de Schlussronnen och un de Binder erukomm an huet sech 3 Ronne viru Schluss op déi 1. Plaz gesat. Bis zum Schluss sollt sech näischt méi änneren, soudass de Bagnaia sech virum Binder an dem Miller duerchgesat huet. Am General huet de Bagnaia elo och d'Féierung iwwerholl.

De Sam Lowes huet souverän d'Course an der Moto2 gewonnen. De Podium gouf vum Pedro Acosta a vum Alonso Lopez op de Plazen 2 an 3 komplettéiert.

An der Moto3 gouf et den 2. Succès noenee vum Ivan Ortola. Hien huet sech virum David Alonso an dem Jaume Masia duerchgesat.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP
1 F. Bagnaia Ducati 39:29.085
2 B. Binder KTM +0.221
3 J. Miller +1.119
4 J. Martin Pramac Ducati +1.942
5 41 A. Espargaro Aprilia +4.760

Moto2
1 S. Lowes Kalex 35:45.107
2 P. Acosta Kalex +2.841
3 A. Lopez Boscoscuro +9.618
4 T. Arbolino Kalex +10.163
5 A. Canet Kalex +11.056

Moto3
1 I. Ortola KTM 33:57.506
2 D. Alonso GasGas +0.034
3 J. Masia Honda +0.215
4 A. Sasaki Husqvarna +0.422
5 J. Rueda KTM +0.549

De General

MotoGP

1 Francesco Bagnaia 87
2 Marco Bezzecchi 65
3 Brad Binder 62
4 Jack Miller 49
5 Maverick Vinales 48

Moto2
1 Pedro Acosta 74
2 Tony Arbolino 74
3 Aron Canet 52
4 Alonso Lopez 45
5 Sam Lowes 43

Moto3
1 Daniel Holgado 59
2 Diogo Moreira 55
3 Ivan Ortola 50
4 Jaume Masia 47
5 Xavier Artigas 41