No enger éischter Testcourse a Frankräich Mëtt Abrëll ass de Kevin Peters de leschte Weekend och nach an Tschechien en Test gefuer.

Méi genee war dat zu Nova Paka (CZ), dëst am Kader vum tschechesche Championnat, wou ee scho quasi vun Europameeschterschaftsniveau schwätze kann.

Den aktuellen Europameeschter ass direkt gutt eens ginn a konnt souwuel den Zäittraining, grad ewéi seng 3 Qualifikatiounsleef gewannen. Fir d'Pole Position an der Finall sollt et awer net duergoen, well de Jakup Novotny hat och all seng Qualifikatiounsleef gewonnen a war dobäi nach eng méi séier Zäit wéi de Kevin Peters gefuer.

An der Finall ass den Novotny d'Course dann och vu vir gefuer a konnt sech d'Victoire sécheren. De Kevin Peters hat sech Plaz 2 geséchert, obwuel en am leschten Tour nach e Platten hat.

De Lëtzebuerger war trotzdeem ganz zefridden a konnt och gutt  Astellungen u sengem Buggy fannen, vun deenen en beim Optakt vun der EM de Weekend vum 13./14. Mee zu Seelow wäert kënne profitéieren.

Provisoresche Kalenner fir d'EM-Leef 2023

13. / 14.05. Seelow / DEU
03. / 04.06. Bauska / LVA
10. / 11.06. Vilkyciai / LTU
24. / 25.06. Cunewalde / DEU
01. / 02.07. Nová Paka / CZE
22. / 23.07. St. Georges / FRA
26. / 27.08. Prerov / CZE
16. / 17.09. St. Igny / FRA
23. / 24.09. Maggiora / ITA
07. / 08.10. Mollerussa / ESP