Gil Linster mat Ambitiounen op Titel

© Nina Weinbrenner
De Weekend geet d’Nascar Whelen Euro Series an hir 15. Saison. Mat um Depart de Lëtzebuerger Gil Linster fir d'Team Hendriks Motorsport.
Den Optakt ass um Circuito Ricardo Tormo, enger 4 Kilometer laanger Piste déi am Fong fir Motorrad-Coursen ausgeluecht gouf, ronn 20 Kilometer ausserhalb vu Valenzia.
Mat um Depart de Lëtzebuerger Gil Linster, dee scho fréi am Joer mam hollänneschen Team vun Hendriks Motorsport ënnerschriwwen hat. Dat Team, wat scho véier Mol de Championnat gewonnen huet, gëllt et 2023 ze schloen. De Lëtzebuerger iwwerhëlt de Cockpit am schwaarzen Toyota Camry mat der Nummer 50 vum Champion vum leschte Joer, Liam Hezemanns. D'Ambitioun vum Lëtzebuerger ass et dësen Titel ze verdeedegen. Fir sech optimal dëser Erausfuerderung ze stellen huet de Mann aus Fréiseng sech nieft haardem Training am Fitness-Studio och bei enger Course vun den Nascar Pro Late Model Series Mëtt Februar zu New Smyrna am US Bundesstaat Florida virbereet.

Nieft diversen Testdeeg zu Zolder an der Belsch an zu Oschersleben an Däitschland, mat sengem neien Team, huet de Gil Linster sech gläichzäiteg am Lëtzebuerger Karting-Championnat, den mam franséische Championnat vum Grand Est verbonnen ass, ageschriwwen. No deenen zwou éischte Manchen zu Belval an am franséische Mirecourt, huet hien an der Kategorie „Master“ zwee Mol gewonnen a läit a béide Championnater un der Spëtzt.

Weider Infoe vun der Nascar Whelen Euro Series iwwer de Qualifying, souwéi déi zwou Coursen um Samschden a Sonnden zu Valencia fënnt een op www.euronascar.com