Perez am Qualifying dee Séiersten

© AFP
De Mexikaner geet virum Fernando Alonso an dem Carlos Sainz an d'Course. De Qualifying huet no enger Sortie vum Leclerc mussen ofgebrach ginn.
Beim éischte Grand Prix op US-amerikaneschem Terrain steet de Sergio Perez op der Pole Position. De RedBull-Pilot huet dobäi vum Ofbroch vum leschten Tour vum Qualifying profitéiert, nodeems de Charles Leclerc annerhallef Minutt viru Schluss vun der Pist ofkomm war. Dësen Ofbroch huet zu enger iwwerraschender Startopstellung gefouert.
Nieft dem Mexikaner steet de Ferando Alonso op Aston Martin an der éischter Startrei. Den zweete Ferrari-Pilot Carlos Sainz deelt sech déi zweet Startrei mam Kevin Magnussen op Haas an Alpine feiert mat der fënnefter Plaz vum Pierre Gasly dat bescht Resultat an dëser Saison bis elo.
De siwefache Weltmeeschter Lewis Hamilton ass net iwwer déi 13. Plaz erauskomm a koum net an de leschten Tour vum Qualifying. Säi Coequipier George Russel huet sech als 6. klasséiert. De Charles Leclerc start trotz senger Sortie vu Positioun 7. Den amtéierende Weltmeeschter Max Verstappen geet just vun der néngter Positioun an d'Course.
Suivéiert d'Course um Sonndeg ab 21.30 Auer op RTL.lu an op der Tëlee, d'Iwwerdroung fänkt schonn um 21 Auer un.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.