De Lëtzebuerger konnt an den zwou Courssen um Weekend zwee mol eng 4. Plaz mat heem huelen.

Am fräien Training e Freiden huet de Gil Linster op sengem Toyota Camry vum Hendriks Motorsport Team di schnellsten Zäit mat 1:42.276 min an den spueneschen Asphalt gedréckt an domat scho gewisen, dass dëst Joer mat him ze rechnen ass.

RTL

© Nina Weinbrenner

Um Samschden am Qualifying koum de Lëtzebuerger op di gutt 5. Plaz. Et wier eventuell nach besser gaangen, mee zum Schluss vum Quali, wou säin Team e puer Astellungen um Auto gemaach huet, koum de roude Fändel eraus.

An der éischter Course am Nomëtten huet de Mann aus Fréiseng sech aus de Kämpf ëm d’Plazen 1-2-3 esou wéi d‘Plazen 5-6-7 eraus gehalen an huet säi Gefier zimmlech sécher op der 4. Plaz iwwer d’Arrivée bruecht.

An der zweeter Course um Sonnden koum nach emol di 4. Plaz eraus. De Lëtzebuerger louch kuerzzäiteg op Plaz 3, déi hien no enger Safety-Car-Phas nees verluer huet.

Trotzdeem e gudden Optakt fir de Gil Linster a wäertvoll Punkte fir d'Team Hendriks Motorsport. Di nächst Ronn ass den 17.-18. Juni zu Brands Hatch an England.

RTL

© Nina Weinbrenner