Haut gëtt et am Automag en Ausfluch an d’Ardennen. Do ginn et net nëmmen Fiiss a Wëllschwäin an de Bëscher, och 2 Léiwen hunn do leschte Weekend gebrëllt.

Dat waren déi vu Peugeot Sport zu Francorchamps um Circuit am Kader vun der 6 Stonnen Endurance Course WEC.

De Christian Schmit hat d’Invitatioun an d’belsch Ardennen ugeholl, fir hiren Hypercar kennen ze léieren.

Automag: Peugeot 9X8 WEC

Jo an éier een di zwee Léiwen ze gesi krut, housch et emol vill Gedold matbréngen. Well wann 72.000 Visiteure sech op zweespuerege Stroossen ronderëm de Circuit drécken, dann ass do richteg Gewulls an de Bëscher ronderëm Spa Francorchamps.

Effektiv hat Peugeot invitéiert, fir säin Hypercar 9X8 um legendäre Circuit en action ze gesinn. De 9X8 soll un d'Erfolleger vun de Laangstrecke-Courseween aus de 1990er an dee vun 2009 zu Le Mans uknäppen. Ultimativ Sportlechkeet, technesche Know-How am 9X8, deen och an d'Serie vun anere Marke Modeller iwwerdroe ka ginn, dominéieren hei. Genee wéi Effizienz an stilistesch Exzellenz. LMH, Le Mans Hypercar Reglement koum de Peugeot Designer ze pass mat Fräiheeten a Flexibilitéit bei der Aerodynamik. Och d'Marken-Identitéit ass erlaabt. Beim Peugeot fale besonnesch di viischt an hënnescht Luuchten op, déi un d'Kralle beim Léiw erënneren.

RTL

© Christian Schmit

Houfreg ass een drop, als éischten Hypercar ouni hënneschte Spoiler auszekommen. Berechnungen a Simulatiounen hätten erginn, dass och Top-Performence ouni dee soss gewinnten Hyper Spoiler dra sinn, esou d'Peugeot Aeroydnamiker an Techniker. Harmonesch an dynamesch de 9X8, an de Wim Verloy, Communication Manager Motorsport Stellantis hëlt eis emol mat an d'Welt vun den Hypercar an di Série.

"Le championat d'endurance est un championat qui a toujours vécu avec beaucoup de succès. Peugept était là dedans, a gagné, et on voulait absolument revenir. Hypercar pour le moment, je parle de Peugeot, c'est un moteur V6 à l'arrière de 500kw et deux moteurs électriques à l'avant de 200kw qui déclenchent à partir de 150km/h. On récupère aussi d'energie et c'est aussi un laboratoire pour la marque, et pour cela on rentre la dedans de nouveau."

RTL

© DPPI

D'FIA World Endurance Championship ass mat ville Marken ganz attraktiv. Nieft Peugeot fueren och nach Toyota, Cadillac, Porsche, Aston Martin, Alpine, Ferrari, Glickenhaus a Vanwall ëm den Titel. Gefuer gouf schonn dës Saison zu Sebring an den USA, Portimao Portugal, leschte Weekend da wéi gesot an der Belsch zu Spa Francorchamps, Le Mans am Frankräich, Monza an Italien sti nach am Kalenner, an di lescht Course ass déi zu Fuji a Japan.

RTL

© Christian Schmit

Dominéiert gëtt d'WEC am Moment vun Toyota. Fir de franséische Konstrukteur ass a Portugal schonn eng 5. Plaz erausgesprongen, mee et bleift e ganz realistesch.

"On a encore du travail c'est clair. Bientôt la course à Le Mans. Le team n'a pas eu testé sur le circuit de Spa, un désavantage par rapport aux autres. On progresse, Rome n'est pas non plus été construit en un jour. On se bat contre les autres au plus vite."

De Peugeot 9X8 kënnt iwwregens net op d'Strooss. Och net fir ganz vill Geld an Iwwerzeegungskraaft.

Eng spannend Course huet sech dem Spectateur bei 7 Grad an ëmmer nees Reen an de belschen Ardennen, déi jo esou launesch kënne si, gebueden. Um Enn waren et déi Kéier fir d'Peugeot Léiwen Plazen 7 a 9. Team Pilote sinn de Paul di Resta, Mikkel Jensen, Jean-Eric Vergne, Loïc Duval, Gustavo Menezes a Nico Müller.

Ersatz-Pilot ass iwwregens de Stoffel Vandoorne aus der Belsch. Deen an d'Linda Jackson, CEO bei Peugeot loosse mir dann am nächsten Automag zu Wuert kommen.