Déi gréisst Dueller, Ikonen, Rivalitéiten an eemoleg Momenter am Video

© AFP
D'Motorrad-Weltmeeschterschaft feiert de Weekend hiren dausendste Jubiläum.
Um traditiounsräiche Bugatti-Circuit vu Le Mans gëtt mam Grousse Präis vu Frankräich dëse Weekend den 1.000 Grand Prix an der Geschicht vun der FIM gefuer. Déi éischt Course war de 17. Juni 1949 op der Isle of Man (Groussbritannien).
Zanter der Première gouf et wuel an der Kinneksklass nach keng 999 Courssen, mä "nëmmen" 951. D'Motorrad-WM als Ganzt feiert trotzdeem dëse Weekend den 1.000 Grand Prix. Dat läit dorunner, datt bei bis ewell 48 vun den 999 Grand-Prix-Weekender d'Kinneksklass net gestart ass.
Fir d'lescht gouf et dëse Fall den 8. Mäerz 2020. Am Ufank vun der Corona-Pandemie goufe beim Grousse Präis vum Katar zu Losail wuel d'Coursse vun der Moto3 an der Moto2 gefuer. D'MotoGP-Course gouf allerdéngs ofgesot.
Um Weekend vum 1.000 Grand Prix ass et Zäit fir e klenge Réckbléck.
Den 1.000 Grand Prix kënnt Dir e Sonndeg vun 10.45 Auer un op RTL Today mat engleschem Commentaire kucken a vun 12 Auer un op RTL.lu mat Lëtzebuerger Commentaire vum Chrëscht Beneké a Chris Leesch.