De Jorge Martin huet sech zu Le Mans virum Brad Binder an dem Francesco Bagnaia behaapt.

An der Qualifikatioun hu sech den aktuelle Weltmeeschter Francesco Bagnaia an de sechsfache MotoGP-Champion Marc Marquez een enkt Duell ëm d'Pole geliwwert. Vun hirem weideren enken Duell am Sprint huet dunn de Jorge Martin profitéiert, fir sech eng éischt Victoire um Samschdeg ze sécheren.

Beim 1.000 Grand Prix an der Geschicht vun der Motorradsfederatioun gouf et viru vollen Tribünen um Circuit Bugatti um Samschdeg vill Action. Wärend d'Weltmeeschtere vun 2020 Joan Mir a vun 2021 Fabio Quartararo virun heemeschem Publikum mat hënneschte Plazen am Qualifying a Sprint vill Problemer haten, huet de Francesco Bagnaia am allerleschte Moment dem Marc Marquez d'éischt Startplaz ëm 6 Honnertstel ofgeholl. Mat senger 13. Pole huet hie verhënnert, datt de Spuenier direkt no senger Verletzungspaus de Rekord an der MotoGP op 65 ausbaut.

An engem spannende Sprint huet sech de Jorge Martin mat enger wëller Linn an der éischter Schikan no vir geschafft. Bëssi méi spéit konnt hie sech laanscht de Polesetter no vir schaffen a sech um Enn och d'Victoire sécheren. Hannendrun hu sech nämlech de Marquez an de Bagnaia e spannend Duell geliwwert. Och de Brad Binder konnt vu der Rivalitéit profitéieren an dës Kéier vun der 10 op 2 no vir fueren. Drëtten ass de Bagnaia ginn.

Qualifying Moto2

No enger schwiereger Saison 2022 ass de Britt Sam Lowes zeréck an huet bei senger souveräner 20. Pole een neie Ronnerekord an der Moto2 realiséiert. Nodeems de Barry Baltus als 4. just ëm 3 Honnertstel an de Q2 gerutscht war, louch de Belsch vun Namur déi éischt 5 Minutten op der Pole a start e Sonndeg als Zéngten. Hannendrun start de WM-Drëtten Aron Canet just vun der 13., dat nodeems hien a senger leschter Ronn eng schwéier Chute mat roudem Fändel hat.

Qualifying Moto3

Och an der Moto3 huet sech den Ayumu Sasaki déi drëtt Pole an dëser Saison mat däitlechen dréi Zéngtelssekonne virum Diogo Moreira geséchert. De Féierenden aus der Weltmeeschterschaft Daniel Holgado completéiert déi éischt Startrei. Pech am éischte Qualifying hat den Tatsuki Suzuki vum Lëtzebuerger Team Leopard. Wéinst enger Chute vum Collin Veijer gouf seng séier Ronn gestrach an de Gewënner vun Argentinien muss vu Plaz 24 starten.

D'Resultat vum Sprint

1 Jorge Martin Prima Pramac Ducati 19’59.0370
2 Brad Binder Red Bull KTM +1.840
3 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo +2.632
4 Luca Marini Mooney VR46 Ducati +3.418
5 Marc Marquez Repsol Honda +3.541

De Qualifying

MotoGP

1 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo 1’30.705
2 Marc Marquez Repsol Honda +0.058
3 Luca Marini Mooney VR46 Ducati +0.137

4 Jack Miller Red Bull KTM +0.279
5 Jorge Martin Prima Pramac Ducati +0.318
6 Maverick Viñales Aprilia +415

Moto2

1 Sam Lowes Elf Marc VDS 01’35.791
2 Alonso Lopez Speedup Racing +0.245
3 Tony Arbolino Elf Marc VDS +0.262

Moto3

1 Ayumu Sasaki Liqui Moly Husqvarna 01’41.630
2 Diogo Moreira MT – MSI KTM +0.309
3 Daniel Holgado Red Bull KTM +0.328