Kevin Peters kënnt beim 1. Laf op déi 5. Plaz, Kenny Reding op Plaz 7

© racpic
Beim Optakt vun der Autocross-EM zu Seelow an Däitschland ass et net sou gelaf, wéi den aktuellen Europameeschter sech dat gewënscht hätt.
Am Zäittraining konnt de Kevin Peters eng 4. Zäit fueren, wat a sengen Aen "ganz ok" war.
Am 1. Qualifikatiounslaf hat et Ufanks och nach gutt ausgesinn, mat enger 2. Plaz, bis allerdéngs de Motor vu senger Maschinn ausernee gefuer ass. Deemno war et en Ausfall am Q1, wat fir eng schwiereg Suite vum Weekend sollt suergen.
Am zweete Qualifikatiounslaf war et e Start aus der leschter Rei, fir sech dann awer nach bis op Plaz 3 no vir ze schaffen.
Am drëtte Qualifikatiounslaf ass et weider gaange mam Pech. Trotz Start aus der 1. Rei, war et um Enn just Plaz 3, well e Platten an der zweeter Ronn de Kevin Peters zeréckgeworf huet.
Am Gesamtklassement war et deemno eng 15. Plaz no dräi Qualifikatiounsleef.
An der éischter Halleffinall ass et fortgaange vun der 8. Startplaz. Mat enger 4. Plaz konnt de Kevin Peters sech fir d'Finall qualifizéieren.
An der Finall ass et dann och nees vu Plaz 8 fortgaangen an no engem gudde Start war et scho Plaz 5. Et sollt souguer nach besser lafen a kuerz viru Schluss war et mat Plaz 3 souguer eng Podiumsplaz.... ma dunn ass dem Leader vun der Course d'Ophänkung gebrach an en huet sech virum Kevin Peters gedréint. Dëse konnt eng Kollisioun net méi evitéieren, wouduerch nach 2 Konkurrente laanschtgezu sinn. Schlussendlech war et eng 5. Plaz am Generalklassement vun der 1. Course vun der Autocross-EM 2023.Sécherlech net de Start, dee sech den Titelverdeedeger gewënscht huet, ma de Fokus läit elo op der nächster Course.
D'Victoire beim 1. Laf geet un de Marvin Holzleitner aus Däitschland.
Nieft dem Kevin Peters waren awer nach weider Lëtzebuerger zu Seelow um Depart
De Kenny Reding koum op déi 7. Plaz am Schlussklassement a sammelt domat och wichteg Punkte fir d'EM.
De Ferdinand Gengler hat d'Finall verpasst a gëtt um Enn den 14ten.
Punkten am EM-Klassement
1. | Steven Laubach | 28 Punkten |
2. | Marvin Holzleitner | 27 Punkten |
3. | Rudy van Buren | 27 Punkten |
4. | Bart van der Putten | 22 Punkten |
5. | Damien Crépeau | 22 Punkten |
6. | Markus Wibbeler | 22 Punkten |
7. | Kevin Peters | 16 Punkten |
8. | Alexandre Theuil | 16 Punkten |
9. | Kenny Reding | 14 Punkten |
14. | Ferdinand Gengler | 7 Punkten |
Virleefege Kalenner vun der Autocross-EM
13. / 14.05. Seelow / DEU |
03. / 04.06. Bauska / LVA |
10. / 11.06. Vilkyciai / LTU |
24. / 25.06. Cunewalde / DEU |
01. / 02.07. Nová Paka / CZE |
22. / 23.07. St. Georges / FRA |
26. / 27.08. Prerov / CZE |
16. / 17.09. St. Igny / FRA |
23. / 24.09. Maggiora / ITA |
07. / 08.10. Mollerussa / ESP |