Victoire vum Ferrari 296 GT3 mat der Startnummer #30

© Romain Scheffen
No 24 Stonne steet de Gewënner vun der legendärer Course um Nürburgring fest, an et ass dann dach eng kleng Iwwerraschung.
Als Gewënner kënne sech nämlech Bamber / Catsburg / Pittard / Fernandez Laser um Ferrari 296 GT3 vum Frikadelli Racing Team an d'Geschichtsbicher aschreiwen, an dat mat enger neier Rekorddistanz (162 Ronnen), déi bannent deene 24 Stonne gefuer gouf. Domat awer net genuch, et ass och déi éischte Kéier, dass e Ferrari déi 24-Stonne-Course gewanne konnt.

© Romain Scheffen
Tweet 24h Winner
Op Plaz 2 kënnt den Auto mat der Startnummer #98, mat de Pilote Wittmann / van der Linde / Vanthoor / Maxime, dëst op engem BMW M4 GT3. Si ware vu Plaz 31 an d'Course gestart an konnten domat méi wéi zefridde si mam Schlussresultat.

© Romain Scheffen
De Podium gëtt komplettéiert vun engem Mercedes-AMG GT3 (#4) mat de Pilote Marciello / Stolz / Ellis / Mortara.

© Romain Scheffen
An den Top20 fënnt een dann och e Lëtzebuerger Lizenzéierten, dat a Persoun vum Dylan Pereira, deen op engem Porsche 911 GT3 Cup vum Team Clickversicherung am Asaz war, zesumme mat sengen Teamkolleegen R. Chrzanowski, K. Jodexsni a P. Scharmach. Mam Auto mat der Startnummer #169 komme si um Enn op Plaz 18 am General an op Plaz 2 an der Cup2-Klass.

© Romain Scheffen
De Carlos Rivas war mat engem identeschen Auto an der selwechter Klass genannt, agesat vum Black Falcon Team Identica. Den Auto mat der Startnummer #170 ass net am Generalklassement opgelëscht. Am Qualifying ware se op Plaz 3 vun der Cup3-Kategorie, woumat ee sech op eng spannend Course freeë konnt. Am WarmUp huet dunn awer den Teamkolleeg Mehmet Kaya den Auto ewechgeheit. Eng Reparatur hätt ze laang gedauert, dofir hat et kee Sënn gemaach iwwerhaapt ze starten.

© 24h-rennen.de
Mat der Startnummer #185 war de Jose Casares Garcia um Depart op engem Porsche Cayman GT4 Clubsport (Cup3) vum SRS Team Sorg Rennsport. Um Enn war et Plaz 73 am General a Plaz 7 an der Cup3-Klass.

© Romain Scheffen
Och an der Cup3-Klass sinn de Max Lamesch an de Sébastien Carcone gefuer, op engem Porsche Cayman GT4 Clubsport (#186) vu W&S Motorsport. Si hunn et op 116 Ronne bruecht a stinn als "DNF" (did not finish) am Generalklassement, nodeems se no 20 Stonnen am "Beloff S" en Accident haten.

© Romain Scheffen
Um Auto mat der Nummer #187 souz den Daniel Bohr, an dësem Fall och e Porsche Cayman GT4 Clubsport vu W&S Motorsport. Si konnte just 56 Tier fueren, éier si an der Nuecht vun engem GT3 ofgeschoss gi sinn. Den Auto gouf sou staark beschiedegt, dass se d'Course net fäerdeg fuere konnten.

© 24h-rennen.de