Um Circuit duerch Monte Carlo war de RedBull-Pilot dee Séiersten, virum Fernando Alonso an dem Charles Leclerc, deen nodréiglech dräi Strofplaze krut.

Et war e Krimi ëm d'Pole Position um Circuit zu Monte Carlo. Eréischt an der leschter Ronn konnt de Max Verstappen sech déi éischt Plaz sécheren. E puer Sekonne virdrun war de Fernando Alonso nach déi séierst Zäit gefuer. Fir den Hollänner ass et déi zweet Pole Position zu Monaco a senger Karriär, awer déi éischt, déi hien aus eegener Kraaft krut. Déi éischt hat hie wéinst enger Strofversetzung vum Éischtplacéierten zougesprach kritt.

De Fernando Alonso klasséiert sech als Zweeten knapp hannert RedBull-Pilot virum Lokalmatador Charles Leclerc* op Ferrari. Déi zweet Startrei komplettéiert den Esteban Ocon op AlphaTauri. Den zweete Ferrari Carlos Sainz steet op Plaz 5 virum Lewis Hamilton. Säi Co-Equipier George Russell geet vu Positioun 8 an d'Course.

No engem Crash vum Sergio Perez zimmlech am Ufank vum Q1 gouf de Qualifying ënnerbrach. Domat war d'Kompetitioun fir de Mexikaner eriwwer an hie geet vun der leschter Startplaz an d'Course. Den zweeten Aston-Martin-Pilot Lance Stroll war am zweeten Tour vum Qualifying ausgescheet a start e Sonndeg vun der Plaz 14.

*E puer Stonnen nom Qualifying koum d'Nouvelle, dass de Charles Leclerc wéinst Behënnerung am Tunnel am Q3 dräi Plazen no hanne versat gouf.

Incident Leclerc-Norris

Um Bord vun der Formel 1 gëtt e Sonndeg an der Mëttegstonn (11h50) déi éischt Course vun der Saison am Porsche Supercup gefuer. D'Course kënnt Dir am Livestream op RTL.lu kucken. Kommentéiert gëtt se vum Andrea Galleti. Hien huet den Dylan Pereira als Invité bei sech. De Lëtzebuerger hat déi lescht Saison de Porsche Supercup gewonnen.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 GRAND PRIX DE MONACO 2023

Resultat Monaco

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2023