Um Bord vun der Formel 1 war e Sonndeg den Optakt vun der neier Saison am Porsche Supercup.

Den Harry King huet e Sonndeg zu Monte Carlo seng éischt Victoire am Porsche Supercup gefeiert.

De brittesche Pilot vu Lechner Racing ass vun der zweeter Positioun an d'Course gaangen a konnt de Larry Ten Voorde, dee vun der Pole fortgefuer ass, direkt beim Start iwwerhuelen. Den zweefache Supercup-Champion huet vill Zäit beim Start verluer a konnt sech esou just virum drëttplacéierte Bastian Buus halen.

No engem Accrochage vum Honkavuori an der 12. Ronn ass d'Course déi lescht fënnef Ronnen hannert dem Safety Car fäerdeg gefuer ginn an et konnt deemno net méi attackéiert ginn. Um Podium stoungen um Enn den Harry King, de Larry Ten Voorde an de Bastian Buus.

Déi nächste Course am Porsche Supercup gëtt den zweete Juni zu Spielberg an Éisträich gefuer. Dir kënnt dës Course wéi gewinnt bei eis live op RTL.lu an um RTL Play suivéieren.