Racing Experience stoung mat engem Duo direkt 2 mol um Podium

© northlinephoto
Am Kader vun der DTM ass zu Oschersleben virun iwwer 35.000 Zuschauer de leschte Weekend déi zweet Manche vum ADAC Prototype Cup Germany gefuer ginn.
Mat um Depart waren do och zwee Duqueine D08 LMP3 vum Lëtzebuerger Team Racing Experience.
Den Auto mat der Nummer #15 gouf pilotéiert vum Gary Hauser a vum Markus Pommer. Si konnten e Samschdeg mat hirem LMP3 op déi exzellent zweet Plaz am General fueren, woumat se un hir Victoire um Hockenheimring bal uknäppe konnten.
Den zweeten Auto, dee mat der Nummer #12 gouf pilotéiert vum Kevin Rohrscheidt a Wolfgang Pays. Bei hinnen ass et drëm gaangen Erfarung ze sammelen. Am Qualifying war et Plaz 15, an der Course souguer nach eng Plaz besser, deemno Plaz 14.

© northlinephoto
An der zweeter Course um Sonndeg gouf et fir de Gary Hauser an de Markus Pommer eng weider Podiumsplatzéierung. Si konnte sech Plaz 3 sécheren, nëmmen 3 Sekonnen hannert Plaz 2, iwwerdeems d'Gewënner vun enger Full Course Yellow-Phas profitéiere konnten, fir hire Boxestopp. Doduerch hate se eng Avance vu 40 Sekonnen, déi hinne kee méi konnt huelen.
Fir den Auto mat der Nummer #12 war et super Depart an der Course um Sonndeg, wou een direkt 4 Autoen iwwerhuele konnt an der éischter Ronn. Wärend engem Safety-Car-Star goufe si awer vun engem Konkurrent op der Streck opgedréint. De Wolfgang Pays an de Kevin Rohrscheidt kommen um Enn op Plaz 12 un.
Am Championnat leien de Gary Hauser an de Markus Pommer elo op Plaz 2, mat 81 Punkten. Si hu 5 Punkte Réckstand op d'Leader Oscar Tunjo a Julien Apothéloz.
Den nächste Rendezvous ass nees am Kader vun der DTM, dat vum 23.-25. Juni op der Formel-1-Streck zu Zandvoort an Holland.