No de gudde Resultater zu Valencia an zu Brands Hatch ass de Lëtzebuerger Gil Linster mat staarken Erwaardungen op Vallelunga gefuer.

Op der knapp iwwer 4 Kilometer laanger Streck, eng 30 km nërdlech vu Roum, gouf de Weekend déi 5. a 6. Manche vun der Nascar Whelen Euro Series ausgedroen.

An deenen zwee fräien Trainingen um Freideg konnt de Fréisenger mat sengem Toyota Camry #50 op déi 5. respektiv déi 4. Plaz fueren. Am Qualifying um Samschdeg goung et hin an hier an um Schluss stoung den Auto vum Team Hendriks Motorsport op der 4. Startplaz hannert dem Jouffreau (F) #3, Naska (J) #54 an dem Tziortzis (CYP) #5.

Bei der 1. Course um Samschdeg ass de Lëtzebuerger gutt gestart a konnt direkt laanscht den Cyprianer Tziortzis op déi 3. Plaz fueren. De Leader am Championnat huet sech awer gutt eropgeschafft bis hien an der 12. vun 15 Ronnen dem Lëtzebuerger d’Liewe schwéier gemaach huet, fir seng 3. Plaz zeréck ze kréien. No engem spannenden Zweekampf an de leschten 3 Ronnen huet den Tziotzis an der leschter Ronn mat engem onfaire Manöver dem Lëtzebuerger säin Toyota touchéiert, soudass deen d’Balance verluer huet an ze wäit erausgedroe gouf. Doropshi krut de Mann aus Zypern eng Strof an de Gil Linster duerft säin éischte Podium fir dës Saison feieren.

Um Sonndeg an der zweeter Course vum Weekend konnt de Lëtzebuerger déi 3. Plaz net erreechen. Dat well et an der éischter Ronn schonn e Crash gouf an de Safety-Car huet mussen erauskommen. Nom Restart gouf et direkt nach e risege Crash, sou datt de Safety Car nach emol huet missen erauskommen a bis zum Schluss dobausse blouf. „Ech hätt gären nach emol mam Tziotzis ëm déi 3. Plaz gekämpft, mä leider war dat net méiglech no deenen Accidenter. Ech sinn awer mega zefridde mat mengem éischte Podium fir dës Saison, deen ech hu mussen haart erkämpfe bei där Hëtzt", sou de Fréisenger no der Course. Um Enn gouf et dann eng 4. Plaz fir de Lëtzebuerger an domat nees eng kéier gutt Punkten fir d’Hendriks Motrorsport Team.